Search

You may also like

Italien: Autonomie bestriewe vu Venetien an der Lombardei
Neiegkeeten

Italien: Autonomie bestriewe vu Venetien an der Lombardei

Déi räich italienesch Regioune Venetien a Lombardei hunn sech an

En traurege Rekord: Weltwäit sinn 80 Millioune Mënschen op der Flucht
Neiegkeeten

En traurege Rekord: Weltwäit sinn 80 Millioune Mënschen op der Flucht

De Bericht vun der UNHCR war schonn dat lescht Joer

What the Fakt – 169. Doudesdag vum Edgar Allen Poe
Neiegkeeten

What the Fakt – 169. Doudesdag vum Edgar Allen Poe

Duerch Kuerzgeschicht vun „Das verräterische Herz“ misst de Schrëftsteller Edgar

Gonnereng: Brand op engem Bauerenhaff!

Vergaangen Nuecht huet den Telefon vum CGDIS méi wéi just e puer Mol geschellt. Grond war ee Vollbrand vun enger Scheier zu Gonnereng an der Gemeng Jonglënster. Direkt huet sech eng gréisser Unzuel un Asazkräft op d’Plaz gemaach, fir de Brand ënner Kontroll ze kréien.

Um 00:54 Auer ass den Appell eragaangen. Op der Plaz selwer konnten d’Pompjeeë feststellen, datt d’Scheier komplett a Flame stoung an d’Feier schonn op zwou weider Scheieren iwwergegraff huet. Doduerch ass d’Brandplaz an dräi Ofschnëtter agedeelt ginn an et huet een direkt mat de Läschaarbechten ugefaangen. Duerch d’Moossname konnt ee weider Iwwergräife vun de Flamen op ugrenzend Nopeschgebaier verhënnert ginn.

Feier

© CGDIS

Géint 2:00 Auer war d’Feier schliisslech ënner Kontroll. D’Läschaarbechten hunn allerdéngs nach bis ëm 3:00 Auer gedauert. Uschléissend ass eng Wuescht bis an de fréie Moien op der Plaz bliwwen. Zum Gléck si weder Mënschen, nach Déiere blesséiert ginn.

Ee grousse Merci un d’Pompjeeën, déi am Asaz waren:

CIS Jonglënster, CIS Hiefenech, CIS Nidderaanwen, CIS Lëtzebuerg, CIS Walfer, CIS Menster, CIS Mäertert, GIS Sauvetage animalier.

Koordinéiert ginn ass den Asaz duerch den CGDIS. Am Ganze ware 70 Pompjeeën un de Läschaarbechte bedeelegt.

Related topics CGDIS, Feier, Gonnereng, Läschaarbechten, Pompjeeën
Next post Previous post