Search

You may also like

Mike Pompeo kritiséiert d‘Briten a warnt Griicheland
Neiegkeeten

Mike Pompeo kritiséiert d‘Briten a warnt Griicheland

Den amerikaneschen Ausseminister Mike Pompeo huet sech gëschter zolidd geiergert.

Dem Kanner-Jugendtelefon säi Bilan 2020 – Ab muer och Chatberodung méiglech
Neiegkeeten

Dem Kanner-Jugendtelefon säi Bilan 2020 – Ab muer och Chatberodung méiglech

1 1 6 1 1 1 – Dat ass d’Nummer,

Den amerikaneschen Nordweste verdréchent
Neiegkeeten

Den amerikaneschen Nordweste verdréchent

Zur Stonn vergléit den amerikaneschen Nordwesten. Déi aktuell Canicule gëtt

Google Datenzenter: D‘Geheimnisser si gelëft

En Donneschdeg hunn d‘Deputéiert endlech Asiicht an d‘Absichtserklärung (MoU) kritt

Google Datenzenter: D‘Geheimnisser si gelëft

Ob a wéini et zum Bau vum gigantesche Google Datenzenter um Busbierg zu Biissen wäert komme steet an de Stären, an awer ass gëschter eng wichteg Hürd an dësem kontroversen Dossier geholl ginn. Besonnesch den Impakt op Natur an Ëmwelt, mee och den energetesche Besoin, suergt fir vill Diskussiounen. Zudeem war d‘Geheimhaltung vun der Absichtserklärung eng schlecht Iddi.

Nodeems d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg (déi gréng) an der Chamberkommissioun erkläert huet, datt a kierzt de Biisser Gemengerot iwwert de partikularen Amenagementsplang (PAP) ofstëmme soll, ass elo endlech nees Beweegung an den Dossier komm. Sollt de PAP ugeholl ginn – an d‘Ministesch schéngt hei zouversiichtlech – kann d‘Kommodo/Inkommodo Prozedur op nationalem Niveau lancéiert ginn.

D‘Oppositiounsparteien, déi laang hu misse streide fir endlech Asiicht an déi vun der Regierung a Google geheim gehalen Absichtserklärung ze kréien, hunn elo endlech Satisfaktioun kritt. Gëschter hunn de Premierminister Xavier Bettel (DP), de Wirtschaftsminister Franz Fayot (LSAP) an de Finanzminister Pierre Gramegna (DP) déi „zwee“ Dokumenter, vun der Absichtserklärung tëscht der Regierung a Google erausginn.

Et ass déi éischte Kéier datt d‘Regierung esou en Dokument der Chamber zougesteet, woubäi si hir Konditioune gestallt huet, fir dësen, esou wéi et de Xavier Bettel gesäit, Paradigmewiessel, och mat Erfolleg nohalteg oprecht ze erhalen. Anescht ausgedréckt: déi Deputéiert dierfen den Inhalt kenne mee dierfen sech an der Ëffentlechkeet net dozou äusseren. Esou en MoU (Memorandum of Understanding) ass jo och ee politescht Instrument.

An natierlech kann een unerkennen, datt Google – an aleatoirement och d‘Regierung – keen Interêt dorunner kënnen hunn, datt d‘Konkurrente vum Internetgigant dësen Inhalt zougeschoustert kréien. Mee et hunn och Acteure vun der Zivilgesellschaft Asiicht gefrot, Dat op der Grondlag vum Gesetz vun der Transparenter an Oppener Administratioun. D‘Kommissioun, déi sech mat dësen Demande beschäftegt, huet dës Ufro Positiv aviséiert.

Wien elo wéini hei Asiicht erhält war net gewuer ze ginn. Geséchert ass dogéint, datt dëse MoU net der Bevëlkerung ka virgeluecht ginn. Dat ass allerdéngs schonn eppes problematesch. Schliisslech sollen d‘Bierger am Land, falls de PAP am Biisser Gemengerot sollt ugeholl ginn, jo hir Bedenken an am Kontext vun der nationaler Kommodo/Inkommodo-Prozedur hir Awänn fundéiert maache kënnen. Datt de MoU do eng Roll spillt dir net ënnerschat ginn.

Illustratioun: © Jamie Haughton / unsplash

Related topics Absichtserklärung, Biissen, Busbierg, Geheim, Google, Google-Datenzenter, MoU
Next post Previous post