Search

You may also like

Annie Proulx: „Ech wënsche mir, ech hätt d’Geschicht ni geschriwwen“
Neiegkeeten

Annie Proulx: „Ech wënsche mir, ech hätt d’Geschicht ni geschriwwen“

Mat „Brokeback Mountain“, der Verfilmung vun hirem Roman iwwer déi heemlech

dislike
Trump Immigratiounsdekret geriichtlech bestätegt
Neiegkeeten

Trump Immigratiounsdekret geriichtlech bestätegt

Den ieweschte Geriichtshaff an den USA huet um Méindeg dem

Chantier an der Rue de Rollingergrund (07.11.2020)
Neiegkeeten

Chantier an der Rue de Rollingergrund (07.11.2020)

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéieren, datt e Samschdeg, de 7.

Google Datenzenter: Näischt Genaues weess een net, mee et kann ee jo emol unhuelen…

Um Krautmaart war gëschter d‘Diskussioun ëm Google eppes méi animéiert wéi soss

Google Datenzenter: Näischt Genaues weess een net, mee et kann ee jo emol unhuelen…

Dat mam „intelligente“ Wirtschaftswuesstem musse mir eis zu Lëtzebuerg nach emol iwwerleeën, oder wéinstens eng fir all Säiten akzeptabel Definitioun fannen. De Projet vum Google-Datenzenter, dee bekanntlech an der Gemeng Biissen soll ugesidelt ginn, kënnt aus der Kritik net méi eraus.

A gëschter Koum et an der Chamber dann och op neits zur Ausenanersetzung tëscht der CSV an der Regierung, woubäi déi gréissten Oppositiounspartei vu vireran däitlech gemaach datt een näischt géint Google huet. Oder wéi et d‘Fraktiounspresidentin Martine Hansen ausgedréckt huet: „mir hu weder eng Phobie, nach si mir euphoresch“, mee an dësem Dossier stellen sech eng Rei Froen.

Froen, dat ass et wourëms bei der Froestonn um Krautmaart geet, an där hunn se der bei der CSV eng Lëscht voll. Déi wichtegst: Firwat gëtt fir esou e Projet op wäertvolle, landwirtschaftlech benotzbarem Buedem zréckgegraff? Wéi gesäit et mam energetesche Foussofdrock aus, wa gewosst ass, datt Google duebel esouvill Stroum verbraucht wéi all d‘Menage vu Lëtzebuerg? Wat huet mat der Annonce zum Waasserverbrauch op sech? Wéi e gesäit, u konkrete Froe feelt et der CSV net.

A während d‘Martine Hansen d‘Assemblée drun erënnert, datt eist Land eng kloer Strategie brauch, eng vun deenen déi Faktebaséiert ass an de Kontext vun engem qualitative Wuesstem respektéiert, huet de Michel Wolter den Debat iwwert sech ewechgoe gelooss, fir dann en Tëscheruff lasszeginn: „Wou sinn d‘Limitten?“ jäizt de Käerjenger, woubäi d‘Fro reng rhetorescher Natur war.

Eenegkeet an der Oppositioun

Dofir huet dann den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen der Regierung de Virworf ënnerbreet, d‘Bierger an d‘Membere vun der Chamber anzeniwwelen. Dat ass wuel net ganz verkéiert, woubäi d‘Regierung wahrscheinlech scho frou wier, selwer iwwer konkret Informatioune vum Internet-Gigant ze verfügen. Detailléiert Pläng an ob se iwwerhaapt kommen, leien nämlech nach net vir. Bis ewell huet just d‘Gemeng Biissen de PAG modifizéiert an 35 Ha fir de Porjet bewëllegt.

An och d‘Pirate gi sech virsiichteg, wann et ëm den Datenzenter geet. Esou stellt den Deputéierte Sven Clement fest: „D‘Digitaliséierung beschränkt sech net op d‘Schafe vun Datenzenter. Berécksiichtegt een beispillsweis den Impakt op den Aarbechtsmaart, esou ass dat wuel éischter eng Drëps Waasser op e gliddege Steen, deen awer e Weltmier u Ressource verbraucht“.

Fir déi lénk ass dee ganze Projet eppes wéi en trojanescht Päerd, an dat kann ee scho beonrouegen. Den Deputéierte Marc Baum ass entspriechend alarméiert, fir net ze soe besuergt. An dësem Dossier géif et weder Transparenz, nach wier en Usaz un demokratescher Bedeelegung ze erkennen, esou den Deputéierten, deen et géif begréissen, wann den Deputéierten endlech brauchbar Informatioune géife virgeluecht ginn. Gutt datt ee sech an der Oppositioun eens ass…

Eng Majoritéit an der Defensiv

An de Reie vun der Regierung kennt een déi genannte Problemer, an et dierf ee sech sécher sinn, datt si et géife begréissen, säitens Google e konkrete Projet fir déi 35 Ha virgeluecht ze kréien. Esou dréchen awer kann si et net formuléieren, firwat sech den Deputéierte Georges Engel (LSAP) op d‘Feststellung bezitt, datt een zu Lëtzebuerg nach ëmmer an engem Rechtsstaat ass.

„Et gëtt keng Faveure fir Google, an et ass richteg datt de Besoin u Waasser zu Problemer féiere kann. Hei gëllt et awer d‘Conclusiounen ofzewaarden iert een eng endgülteg Entscheedung trëfft“, argumentéiert den Deputéierte Max Hahn vun der DP. Déi gréng verdeedegen d‘Opportunitéit déi de Google-Datenzenter mat sech bréngt. „Mir si bereet eis hannert de Projet ze stellen, wann dësen d‘Ëmweltschutzkritäre respektéiert“, heescht et säitens dem Deputéierten Henri Kox.

Vun der Regierung gëtt et dann awer nach ëmmer näischt Konkretes, an déi géif sech iwwert eppes Gedold vun der Oppositioun freeën. De Wirtschaftsminister Etienne Schneider (LSAP) gesteet sech an, datt „Google sech eppes Schei weist wat d‘Kommunikatioun ugeet“, mee ze behaapten et géif een d‘Bierger hannert d‘Liicht féieren, dat wier dach awer eppes frech. An et dierf een iwwerzeegt sinn, datt hien sech iwwert eppes „Handfestes“ säitens Google net géif beschwéieren.

Google, eng Chance déi ee notze sollt?

An den Etienne Schneider bleift dem Projet géinteniwwer positiv agestallt. Mat guddem Grond, ëmmerhi passt de Projet „Datenzenter“ an déi wirtschaftlech Regierungsstrategie. Wat net soll heeschen, datt de Wirtschaftsminister blannemännerches Autorisatioune vergëtt. Esou eppes kritt nëmmen, wien sech un d‘Prozeduren hält, an déi wiere jo awer kloer definéiert, och fir Google.

Interessant de Positionnement vun déi gréng. Muss sech dach de Krichs- an Nohaltegkeetsminister François Bausch scho genuch unhéieren, wëll hie wéinst dem Tram d‘Beem an der Stad ofholzt. Deen huet sech da gëschter och kaum gemuckst. Dofir huet dann d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg zu Wuert gemellt a gemengt: „D‘Prozedur ass engagéiert, an am Abrëll sollt déi éischt Impaktstudie virleien“. Et géif een och drop vertrauen, datt Google op déi neist Technologie setzt.

Domatter sinn d‘Standpunkte kloer, an et kann een nach nodroen, datt och wann déi Diskussioun an der Chamber richteg ënnerhalend war, een hätt kënnen ofwaarden, datt et emol zum Reklassement vun de Terraine kënnt. Iert dat geschitt ass, kann ee net vu Google erwaarden dat si scho Geld a Pläng stiechen, déi ënnert Ëmstänn schonn um PAG scheiteren. Also gedëllege mir eis eben…

Related topics Biissen, Ëmweltschutz, Google, Google-Datenzenter, Wirtschaftswuesstem
Next post Previous post