Search

You may also like

Gebuertsdag um Haff – Alles Guddes u S.A.R. de Prënz Louis
International Neiegkeeten Sport

Gebuertsdag um Haff – Alles Guddes u S.A.R. de Prënz Louis

Um haitege Méindeg feiert S.A.R. de Prënz Louis säin 34.

Zumindest weess elo jidderee wien den Eric ass
International Neiegkeeten Sport

Zumindest weess elo jidderee wien den Eric ass

Wa vu YouTuber a Podcast-Produzente riets ass, ass een zimmlech

Editorial: D‘Kausa Assange an d‘Pressefräiheet
International Neiegkeeten Sport

Editorial: D‘Kausa Assange an d‘Pressefräiheet

Datt gëschter d‘Distriktriichterin Vanessa Baraitser d‘Ausliwwerung vum WikiLeaksgrënner Julian Assange,

Gott huet sech seng Hand zeréckgeholl

Am Alter vu 60 Joer ass déi argentinesch Fussball-Legend Diego Maradona vum Schëpfer aus dem Spill geholl hinn

Gott huet sech seng Hand zeréckgeholl

Hien ass villen eelere Fussballfans als „Hand Gottes“ beschtens an Erënnerung. Am eegene Land trotz Drogenexzesser an anere Feeltrëtt war, ass a bleift hien eng Legend. Rieds ass vum Diego Maradona, engem aussergewéinleche Sportler a Mënsch. Hie war der grad 60 ginn, hat nach viru kuerzem eng Operatioun um Gehir gutt iwwerstanen.

Den Diego Maradona wier un engem Häerzinfarkt verstuerwen, esou déi offiziell Versioun. De Personnage gëllt als ee vun de beschte Fussballspiller aller Zäiten an gëtt a senger Heemecht als Nationalheld gefeiert. Zu Legend gouf den Diego Maradona bei der Fussballweltmeeschterschaft 1986 zu Mexiko. Woubäi et awer säin irreguläert Spill war, dat hien zu Legend sollt maachen.

An der Véierelsfinall géint England, huet hien e Goal mat der Hand gemaach… haut ass gewosst, keen huet sech dorunner gestéiert. Legendär dann awer och dem Argentinier seng ongehemmten Ausso: „Et war ee bëssi de Kap vum Maradona an e bëssi d‘Hand vu Gott“. Déi ganz Welt hat et gesinn. Ee puer Spiller méi spéit war Argentinien Weltmeeschter. Och dat ass Fussball…

Vu Carrière an Anekdoten

D‘Jalone vum Diego Maradona senger Carrière goufe bei den „Argentinos Juniors“ gesat. Ugangs den 80er ass hie vun de „Boca Juniors“ fir (ganz) vill Geld un de spuenesche Meeschter, den FC Barcelona verkaf ginn. Déi hunn hie no ee puer Joer fir (nach) méi Geld un den SSC Neapel verkaf an hei sollt hien 1989 e grousse Beitrag leeschten, deen der Ekipp den UEFA-Pokal bruecht huet.

Mee de Fussballer war och „Mënsch“ an als solches net nëmme fir seng Qualitéiten um Ball bekannt. Hien huet op Journaliste geschoss, wann och nëmme mat engem Loftgewier, huet sech de Kapp zougekokst a gouf 1991 eng éischte Kéier wéinst Kokainkonsum verhaft. Hien hat Kontakter zur Camorra, ass vum Pablo Escobar zum Spill geluede ginn a war och soss gutt ënnerwee…

Näischt wat him iwwel geholl gouf, an d‘Kierch ass jo bekannt fir hir Toleranz mat gefalenen Engel an beim Diego Maradona handelt sech jo och ëm d‘Hand vum Chef. Esou ass dann an Argentinien och eng Kierch no dësem „Wandler tëscht den Extremen“ benannt ginn. 2018 hat hien sech dann och nach politesch Ambitiounen entdeckt. Dat hat sech zum Gléck fir d‘Land séier erleedegt.

mat indymedia/bua/lon

Illustratioun: Zu éiere vun der Fussball-Legend Diego Maradona gëtt an Argentinien eng op dräi Deeg festgeluechte Staatstrauer ugeuerdent. Hien hat 1986 quasi „eleng“ sengem Land den Titel „Weltmeeschter“ abruecht. (public domain)

Related topics Argentinien, Diego Maradona, Drogen, Fussball, Legend
Next post Previous post