Search

You may also like

Wann ee eng Folleg an den Iddien huet
Neiegkeeten

Wann ee eng Folleg an den Iddien huet

Nodeems sech Lëtzebuerg 2019 derzou duerchgeronge krut, d‘TVA fir d‘Hygiènesartikel

Beggener Schwéiermetaller: Den Administratiounen schéngt et nach ëmmer egal ze sinn
Neiegkeeten

Beggener Schwéiermetaller: Den Administratiounen schéngt et nach ëmmer egal ze sinn

Dat hate sech déi Lénk anescht virgestallt: Enn Oktober hu

De „BIGS“ rebelléiert géint de Contournement vu Käerjeng
Neiegkeeten

De „BIGS“ rebelléiert géint de Contournement vu Käerjeng

Am Mäerz 2018 hat de Regierungsrot endlech den Tracé duerch

GouvAlert.lu – Presentatioun vum Warnungs- an Informatiounssystem

GouvAlert.lu – Presentatioun vum Warnungs- an Informatiounssystem

Gëschter huet den Inneminister Dan Kersch d’Applikatioun GouvAlert.lu virgestallt. Duerch säin Optrag zur ziviller Sécherheet stellt hien eng kompetent Autoritéit fir d’Informatioun a Warnung vun der Populatioun duer.

Haaptfunktioun vun der App ass et, an enger Noutsituatioun, déi Auswierkungen op déi allgemeng Sécherheet kéint hunn, d’Bierger direkt ze informéieren.

GouvAlert.lu ass am Apple App Store a bei Google Play ze fannen. Se ass gratis a gëtt op dräi Sproochen ugebueden. Sou kann den Telefonsnoutruff 112 oder de Service vun der Krisekommunikatioun direkt Warnungen op nationalem Niveau zu schlëmmen Accidenter, schlechte Wiederverhältnisser, Feier, Problemer beim Drénkwaasser, nuklear Noutfäll asw. erausginn.

An engem Krisefall gëtt direkt eng Noriicht op den Handy vun de Benotzer vun der App geschéckt. Am Fall, wou de Firfall just eng bestëmmte Platz betrëfft, ginn och just d’Notzer am Emkrees benorichtegt.

gouvalert

Geolokalisatioun fir d’Rettungsdéngschter

Mat Hëllef vu GouvAlert.lu kann den Verletzten am Fall vun engem Accident direkt lokaliséiert ginn, wat dem Rettungsdéngscht d’Aarbecht erliichtert an eng méi schnell Interventioun zouléist.

D’App bitt vill Virdeeler an iwwermëttelt ausféierlech Informatiounen, déi ënnert anerem vum Site www.infocrise.lu kommen.

Foto: (v.l.n.r.) Christopher Schuh, CGDIS, Paul Schroeder, Generaldirekter vun der CGDIS, Dan Kersch, Inneminister, Alain Becker, Inneminister; Gilles Feith, Direkter vu CTIE

© sip/MINT

Related topics Applikatioun, Dan Kersch, GouvAlert.lu, Rettungsdéngschter
Next post Previous post