Search

You may also like

GEWËNNSPILL 2020: De Lëtzebuerger Béier-Adventskalenner
International Money

GEWËNNSPILL 2020: De Lëtzebuerger Béier-Adventskalenner

Keng Loscht op den typeschen Adventskalenner mat séisse Leckereien? Wann

Night, Light & More: NORDLIICHTER
International Money

Night, Light & More: NORDLIICHTER

D’Naturparken Our an Öewersauer invitéieren e Samschdeg Owend häerzlech op

Autobunn A7 – Mat 131 km/h duerch d’Baustell!
International Money

Autobunn A7 – Mat 131 km/h duerch d’Baustell!

Wéi d’Police elo matgedeelt huet konnt et gëschter Owend engem

money

Am Land vun 1000 an enger Nuecht gräifen se no de Stären

Et ass e gudder Kader esou eng kombinéiert Staats- a Wirtschaftsvisite an et huet kee vun der Delegatioun sech et huele gelooss, engersäits e gudden Androck ze hannerloossen an anersäits d‘Geschäfter unzekuerbelen.

D‘Partenariat tëscht der Cargolux an Emirates SkyCargo dréit wéi gewënscht gutt Friichten an dat erhofft sech de Wirtschaftsminister Etienne Schneider och fir aner Secteuren. Hei notamment am Beräich vum „space mining“. Béid Länner, d‘Vereenten Arabesch Emirater (UAE) a Lëtzebuerg hätte gemeinsam Interessen un Aktivitéiten am Weltall.

D‘Fuerschung an déi friddlech Notzung vum Weltraum, kann a soll béid Natioune méi no unenee bannen. Heifir hunn den Etienne Schneider an de Dr. Ahmad bin Abduklla Humaid Belhoul al Falasi, Staatsminister fir Bildung a Virsëtzenden vun der „UAE Space Agency“ e Memorandum of Understanding (MoU) ënnerschriwwen. Domatter gëtt déi bilateral Zesummenaarbecht bei Weltraumaktivitéite festgeluecht an definéiert.

E gemeinsamt Zil

Mat senger Initiative „SpaceResources“ bitt Lëtzebuerg kommerziellen Entreprisen en attraktiivt Aarbechtsëmfeld fir sech de Ressourcen déi de Weltraum bitt, unzehuelen. D‘Erfuerschen an d‘Notze vun dëse Ressourcen, an dat baséierend op engem legale Kader mat vertrietbare Reegelen, mécht eng Zesummenaarbecht sënnvoll.

Am Zesummenhang mat der Notzung vu Weltraumressourcen, sollt déi an enger éischter Phas op fënnef Joer begrenzten Zesummenaarbecht, virun allem dem Informatiounsaustausch an der Expertise tëscht Lëtzebuerg an den UAE déngen. Prioritéit huet d‘Wëssenschaft an d‘Technologie, d‘Entwécklung vun human Kapital an d‘Reegele fir d‘Aktivitéiten am Weltraum.

Oppe fir weider Propose

Béid Länner hunn also beschloss sech reegelméisseg iwwert déi international Gouvernance vum Weltraum auszetauschen, dat fir an de Foren zesumme méi Staark d‘Positioune verdeedegen ze kënnen. „Lëtzebuerg mécht aktiv d‘Promotioun vun der friddlecher Erfuerschung an der nohalteger Notzung vun de Weltraumressourcen zu Profit vun der Mënschheet. Lëtzebuerg encouragéiert Diskussiounen zu de Weltraumressourcen op all Niveau, am mat dësem Memorandum gëtt hei ee weidere Grondstee geluecht“, esou den Etienne Schneider.

D‘Zesummenaarbecht mat Lëtzebuerg baséiert op de strategesche Visiounen déi esouwuel vun der Weltraumagence an den Emirater ausginn. Eng méi enk Zesummenaarbecht op internationalem Niveau dierft de Schlëssel zum Erfolleg sinn. Esou zumindest d‘Siicht vum Dr. Ahmad bin Abdulla Humaid Belhoul al Falasi. „D‘UAE Space Agency erkennt d‘Noutwennegkeet vun der internationaler Zesummenaarbecht un, och esou déi friddlech Notzung“.

Galerie: Eng Wirtschaftsmissioun mam Ierfgroussherzog an der Ierfgroussherzogin an de Vereenten Arabeschen Emirater, bréngt nieft neien Erkenntnesser och eng ganz Rëtsch schéi Biller mat sech. © Jean-Christophe Verhaegen/SIP

Related topics Cargolux, Etienne Schneider, Space Mining, Vereenten Arabesch Emirater
Next post Previous post