Search

You may also like

Expo „Krik et craque – Human Canvas“ am Tunnel am Gronn
Neiegkeeten

Expo „Krik et craque – Human Canvas“ am Tunnel am Gronn

Um Mëttwoch, de 27. November 2019 ass d’Foto-Ausstellung Krik et

SYVICOL: „De Summer 2020 – e richtege Vëlosummer“
Neiegkeeten

SYVICOL: „De Summer 2020 – e richtege Vëlosummer“

Wann et ee Verkéiersmëttel gëtt, dat am Corona-Summer am Mëttelpunkt

Cyberkriminalitéit: Twitter geréit an d‘Schleideren
Neiegkeeten

Cyberkriminalitéit: Twitter geréit an d‘Schleideren

Um Mëttwochowend ass de Kuerznoriichtendéngscht Twitter Affer vun engem breet

Gräifvullen zu Lëtzebuerg: Eng nei Ausstellung vun natur&ëmwelt

Gräifvullen zu Lëtzebuerg: Eng nei Ausstellung vun natur&ëmwelt

Um 6. November 2018 war den Optakt vun enger aussergewéinlecher Ausstellung iwwert Gräifvulle, organiséiert vun natur&ëmwelt. D’Wanderausstellung ass an enger éischter Phas am Forum Geesseknäppchen bis den 16. November ze gesinn.

Op siewen Panneaue fannen d’Visiteuren Informatiounen zur Migratioun, Ökologie, Geforen a Juegdstrategië vun de Vullen. Donieft kann ee sech heizou 8 Exponate vu bréienden Gräifvullen aus Lëtzebuerg ukucken. Zousätzlech zum Kärstéck vun der Ausstellung kennen d’Kenndaten a Stëmme vum Héngerdeif, Spréiwenhuer, Roude Milan, Bam- a Wanderfallk, sou wéi dem Harespelsfrësser a Bussar ofgespillt ginn. Kuerz Videoe weisen déi typesch Verhalensweisen a Fluch vum Vull.

Speziell fir dës Ausstellung ass d’App „Greifvögel in Luxemburg“ oder „Rapaces au Luxembourg“ mat zwou Optiounen entwéckelt ginn. Hei kann een d’Steckbréiwer vun allen ausgestallten Aarten nach emol zesummegefaasst fannen. Am Modus „Erweidert Realitéit“ huet een d’Méiglechkeet 3 Gräifvulle ganz no ze betruechten.

Mat der neier Ausstellung gouf versicht klassesch Elementer mat moderner Technik ze kombinéieren a virun allem jonk Mënsche fir Gräifvullen ze interesséieren. Déi ganz Ausstellung ass zweesproocheg, op däitsch a franséisch, verfaasst.

Wärend der Ausstellung vun zwou Wochen am Forum Geesseknäppche bitt natur&ëmwelt Féierunge fir Schoulklassen un, bei deenen d’Schüler mat Virtual Reality Brëller ganz an d’Welt vum Gräifvull oftauche kënnen.

Bis de 16. November kann ee sech alles zum Thema Gräifvull ukucken. Et ass op vu Méindes bis Freides vun 08:00 bis 20:00 Auer a Samschdes vun 08:00 bis 13:00 Auer. Um Freideg, de 16. November gëtt schonn um 12 Auer zou gemaach. Méi Informatioune ginn et um Site www.naturemwelt.lu.

Related topics Ausstellung, Forum Geesseknäppchen, Gräifvull, Natur an Ëmwelt, natur&ëmwelt
Next post Previous post