Search

You may also like

De Coronavirus an d’Gesondheetsmedezin – Wann Angscht dominéiert
Kultur Neiegkeeten

De Coronavirus an d’Gesondheetsmedezin – Wann Angscht dominéiert

Et soll e bei den Dokter goen. Ma et soll

Metalbörse 2020: Däischter Schuel, helle Kär
Kultur Neiegkeeten

Metalbörse 2020: Däischter Schuel, helle Kär

Wou den Otto-Normalbierger einfach an de Buttek geet a sengem

FLEX – Esou gëtt Carsharing nach méi attraktiv!
Kultur Neiegkeeten

FLEX – Esou gëtt Carsharing nach méi attraktiv!

De Carsharing-Service FLEX gëtt fir seng Notzer elo nach vill

Graphic Tattoo Convention 2020: Dëse Weekend am Casino 2000!

Graphic Tattoo Convention 2020: Dëse Weekend am Casino 2000!

Um kommende Samschdeg a Sonndeg steet Munneref ënnert Stroum: Tätowéiermaschinne wäerten nees glousen, d’Péng verschiddene Visiteuren an Gesiicht geschriwwen a konzentréiert Blécker vun den Artisten op hire mënschleche Support geriicht sinn. Ganz am Zeeche vun der kierperlecher Verschéinerung a Selbstduerstellung presentéiert The Storm d’Graphic Tattoo Convention 2020.

Mat iwwer 70 Kënschtler kritt een un dësem Weekend a Saachen Tattoo alles gebueden, wat de Bewonnerer vun der Kierperkonscht sech wënscht – op alle Fall wann et ëm de graphesche Stil geet. Datt dëse Beräich eng immens Diversitéit ze bidden huet, beweist een zu Lëtzebuerg mat enger eegener Foire. Ob ee sech elo tatsächlech Tënt ënnert d’Haut brénge léisst, Anere bei hirer Sessioun nokuckt oder sech just informéiere wëll, an der Tattoo-Famill ass jiddweree wëllkomm.

Ma, net nëmmen a Saache Kierperverschéinerung huet ee sech eng afale gelooss. De Weekend bestécht duerch ee Programm aus verschiddenen Aussteller (dorënner Hempzon, L’Atelier du Chat Noir, Dépile Argile oder och Degeneration) a fantastesche Bühneshows vum Femke Fatale an der Miss Sappho.

Wou artistesch gewierkelt gëtt, dierf d’Wäertschätzung net feelen. An esou ginn u béiden Deeg Tattoo-Contests organiséiert. Um éischten Dag gëtt esou um 19:00 Auer de Best Of Saturday geéiert, een Dag méi Spéit ass et um 17:00 Auer de Best Of Sunday a Best Of Show.

Wat ee soss nach wësse sollt

D’Graphic Tattoo Convention fënnt e Samschdeg, den 29. Februar (vun 13:00 bis 21:00 Auer) an e Sonndeg, den 1. Mäerz 2020 (vun 11:00 bis 19:00 Auer) am Casino 2000 zu Munneref statt. Huet een kee Virverkaf kritt, esou sinn nach ëmmer op der Plaz Dagesticketen fir 10 € erhältlech.

Related topics Bodyart, Casino 2000, Femke Fatale, Graphic Tattoo Convention 2020, Kierperverschéinerung, Miss Sappho, Mondorf, Munneref, Selbstduerstellung, The Storm
Next post Previous post