Search

You may also like

UNO: En Aktiounsplang géint de Mënschenhandel
Auto Neiegkeeten

UNO: En Aktiounsplang géint de Mënschenhandel

De Lëtzebuerger Justizminister Felix Braz huet am Kader vun der

Packs du et duerch eise Quiz zum Kanton Kapellen?
Auto Neiegkeeten

Packs du et duerch eise Quiz zum Kanton Kapellen?

[onionbuzz quiz-id=98][/onionbuzz] De Kanton Kapellen ass zwar bei wäitem net

Brasilien: Geriicht verbitt Verherrlechung vum Militärputsch
Auto Neiegkeeten

Brasilien: Geriicht verbitt Verherrlechung vum Militärputsch

E puer Deeg virum Joresdag vum Militärputsch a Brasilien, huet

Winter is coming – Gratis Auto-Check 2018

Winter is coming – Gratis Auto-Check 2018

Vum 15. Oktober bis de 15. November bitt den ACL, zesumme mat Opti-vue dräi Sécherheetskontrolle fir ären Auto un, an dat fir näischt. Vir är eege Sécherheet an déi vun den aneren Automobilisten ze garantéiere kennt Dir Pneuen, Luuchten an är Ae kontrolléiere loossen.

De Wanter steet virun der Dier, domadder och glat Stroossen an eng ageschränkt Siicht. Fir dës Fäll ass et vu Virdeel den Auto a seng Aen nokucken ze loossen. De Service vun der Stroossesécherheet proposéiert allen Automobiliste gratis Kontrollen a ganz Lëtzebuerg. Vun 10:00 bis 18:00 Auer gëtt dësen Déngscht op folgende Platzen ugebueden:

  • 15. Oktober: Cactus Réimesch
  • 16. Oktober: Parking Däichwisen Ettelbréck
  • 18. Oktober: Cactus Miersch
  • 23. Oktober: Cactus Réiden/Attert
  • 25. Oktober: Cactus Keel
  • 29. Oktober: Cactus Hobbi Dikrech
  • 30. Oktober: Cactus Nidderkäerjeng
  • 31. Oktober: Cactus Beetebuerg Schéleck
  • 02. November: Shopping Center Massen
  • 05. November: Akafszentrum Arcades Nidderaanwen
  • 06. November: Cactus Bäreldeng
  • 07. November: Cactus Houwald
  • 08. November: Akafszentrum Langwies Jonglënster
  • 09. November: Shopping Center Knauf Pommerlach

Vum 15. bis den 19. Oktober an un de Samschdeger vum 20. an 27. Oktober kënnt Dir och direkt bei den ACL op Bartreng kommen.

Wisou sinn des Kontrollen sou wichteg?

An der Wantersaison si gutt Pneuen entscheedend. Blieder op der Strooss, Reen a kal Temperature kënnen dem Chauffeur zum Verhängnes ginn. Kontrolléiert gëtt den Zoustand vum Material, den Alter an de Profil, wat op mannst sollt bei 1,6 Millimeter leien. Wanterpneue sinn zu Lëtzebuerg Flicht a solle montéiert ginn, wann Temperaturen ënnert 7 Grad falen.

Och eng funktionéierend Beliichtung ass essentiell. Den ACL kontrolléiert hei den Zoustand vun alle Luuchten (och vum Kennzeechen) a stellt se richteg an. Bei Niwwel, Reen a Schnéi ass et wichteg gesinn ze ginn an och selwer eng fräi Siicht ze hunn.

Nei dëst Joer ass dann d’Kontroll vun den Aen. Wëll eng gutt Siicht vum Chauffeur och zur Sécherheet am Stroosseverkéier gehéiert offréiert Opti-vue Iech är Aen nokucken ze loossen an sou op eventuell Problemer opmierksam ze maachen. Ee vu fënnef Fuerer gesäit duerch Kuerz- oder Wäitsiichtegkeet, Netzhauterkrankungen oder Liichtempfindlechkeet net genuch.

Och de Foussgänger a Cycliste gëtt ugeroden sech zu der donkeler Joreszäit siichtbar unzedoen.

Alleguerten d’Informatiounen fannt Dir HEI oder um Site www.acl.lu.

Related topics ACL, Auto, Gratis, Kontroll, Opti-vue, Wanter, Wanterpneuen
Next post Previous post