Search

You may also like

De QTrobot als therapeutesche Frënd vum Autist
Meenung

De QTrobot als therapeutesche Frënd vum Autist

Gëschter war de weltwäiten Dag vum Autismus, woubäi d’Opmierksamkeet fir

CGFP, Arméi, Police a Regierung hunn ee Problem
Meenung

CGFP, Arméi, Police a Regierung hunn ee Problem

E leschte Méindeg hat d‘CGFP zesumme mat der SPFP op

Neie Festival zu Lëtzebuerg: LOA Festival by Lalux & Spuerkeess
Meenung

Neie Festival zu Lëtzebuerg: LOA Festival by Lalux & Spuerkeess

Véier jonk Entrepreneren hu gemeinsam mat enger Rëtsch Sponsoren en

Maacht den ëffentlechen Transport gratis an domat d‘Land prett fir d‘Zukunft!

E Kommentar

Maacht den ëffentlechen Transport gratis an domat d‘Land prett fir d‘Zukunft!

Eis däitsch Noperen denken haart iwwert de gratis ëffentlechen Transport no. Et ass e Modell, deen ëmmer erëm uechtert Europa optaucht. Well wéi kéint een d’Leit besser motivéieren, ewéi hinnen eng gratis Alternativ zum Auto unzebidden?

Duerch e gudde Service, héieren ech iech elo schonn äntweren. Dat ass duerchaus e Punkt! Ech si mer sécher, datt deen een oder aneren dat heite liest, während en op den Zuch waart. Deen alt nees ze spéit ass. Mee dat ass a mengen An e separate Problem. Fakt ass: duerch d’Ausbaue vun Autobunnen an d’Aféieren vum Teleworking kréie mer den Infrastrukturproblem net an de Grëff. An den Tram fiert och net duerch d’ganzt Land. Leider.

Méi Passagéier erhéijen den Drock op d’Politik, nach méi an de Réseau ze investéieren. Deen duerchaus méi attraktiv gëtt a méi Passagéier unzitt.

De Reseau, virun allem beim Zuch, muss ausgebaut ginn. Och, fir de Frontalièren entgéint ze kommen. Gläichzäiteg musse mer de Lëtzebuerger, déi hiren Auto esou gären hunn, wéi wann et hiert drëtt oder véiert Kand wier, dozou bréngen, ëmzeklammen. Dofir brauche mer e bessert Präis-Leeschtungsverhältnes beim ëffentlechen Transport.

„Mee Sven“, héieren ech iech ruffen, mat geballter Fauscht an der Luuch, „wien soll dat bezuelen?“

Ma d‘Allgemengheet!

Wier jo net esou, wéi wann d‘Ticketen géifen d‘CFL finanzéieren. Nee, dat sinn d‘staatlech Subventiounen, an déi komme jo och aus eisem Portmonnie. Et ginn do vill Méiglechkeete, fir d‘Geld zesummen ze kréien: Eng Steier erhiewen, Mauten aféieren, Parkplazen an de Stadzentren méi deier maachen, International Betriber uerdentlech besteieren. Wat Geld ugeet, huet Lëtzebuerg de Ruff, kreativ ze sinn. Zäit, dat positiv ënner Beweis ze stellen.

Et ass net esou, wéi wann dat e fonkelneit Konzept wier. Och fir d’Lëtzebuerger net.

Ech kann d‘Skepsis duerchaus verstoen. Mee et gi Beispiller am Ausland, wou et klappt. Tallinn, d‘Haaptstad vun Estland, fonctionnéiert zënter 2013 mat engem gratis ëffentlechen Transport. Mee et muss een net an d‘Ausland goe, fir se ze fannen: Vill Leit hunn den Tram ausprobéiert, wéi e gratis war. Méi, wéi geduecht. Wa mer grouss Evenementer hunn – sief et an der Haaptstad oder soss enzwousch – gëtt den ëffentlechen Transport och gratis gemaach. Domat hale mer de grousse Verkéier aus den Zentren eraus.

Villäicht mussen d‘Lëtzebuerger dat einfach eng Kéier richteg testen. Dräi Méint gratis ëffentlechen Transport an der Haaptstad zum Beispill. An da kucken, analyséieren an eng Decisioun treffen. Well ouni den ëffentlechen Transport kënnt Lëtzebuerg net virun. Eis Blechlawine sinn net nohalteg, net gutt fir Mënsch a Natur, an d‘Ëmdenken – wat duerchaus schonn ugefaangen huet! – muss duerchgezu ginn!

[megapoll id="12"]

Related topics Ëffentlechen Transport, Infrastruktur, Lëtzebuerg
Next post Previous post