Search

You may also like

Geféierlech Stroossen
Neiegkeeten

Geféierlech Stroossen

Et ass e battere Bilan, deen d‘Police ze verkënnegen hat:

Blutgott vum Veit Etzold – Spannung bis zum leschte Punkt
Neiegkeeten

Blutgott vum Veit Etzold – Spannung bis zum leschte Punkt

Blutgott (Droemer Knaur Verlag) vum Veit Etzold ass näischt fir zaart

„Schmaacht et?“… en Event bei deem iech d‘Häerz opgeet
Neiegkeeten

„Schmaacht et?“… en Event bei deem iech d‘Häerz opgeet

Um Tennisterrain zu Sennengerbierg ass et schonn déi 8. Editioun

Ass d‘Fuerderung vun der DP fir e gratis ëffentlechen Transport en opportunistescht Manöver?

Ass d‘Fuerderung vun der DP fir e gratis ëffentlechen Transport en opportunistescht Manöver?

Am Wahlprogramm vun der demokratescher Partei (DP) steet geschriwwen: „Fir méi Mënschen ze ermonteren ëffentlech Transportmëttel ze notzen, wäert d‘DP Landeswäit de gratis ëffentlechen Transport aféieren. Schonn haut ginn déi ëffentlech Transportmëttel duerch déi ëffentlech Hand subventionéiert“.

Dat dréift de Pascal Clement, Kandidat vun der Piratepartei, op d‘Palm. An dat net zu onrecht, well dës Fuerderung hunn d‘Piraten zanter 2013 an hirem Programm stoen. Drop ugeschwat, seet eis de Pascal Clement, deen och de Petitionnaire fir de gratis ëffentlechen Transport ass:

ëffentlechen Transport

De Pascal Clement, Kandidat bei de Pirate fir d‘Chamberwahlen. Et ass net esou datt hien traureg wier, wann duerch dat politescht Zesummespill den ëffentlechen Transport elo géif gratis ginn. Hie kann awer nëmme bedaueren, datt eng Kär-Fuerderung vun de Piraten, eréischt elo an de Wahlprogrammer vun den anere Parteien optaucht. Dat hätt ee schonn 2013 kënnen ëmgesat hunn. © Piraten

„Ech weess net op ech laachen oder kräische soll“. seet de Pascal Clement

“Laache well elo eis Fuerderung, déi zënter 2013 an all eise Programme stoung an och erëm steet, elo och endlech vun anere Parteie versprach gëtt“.

„Oder kräische well eng Partei déi mat an der aktueller Regierung ass an do dat Thema zanter 2013 net ugepaakt huet, elo kuerz virun de Wahlen, versprécht dat an der nächster Regierung no ze huelen. Ech ginn d‘Gefill net lass datt hei nach Léit am leschte Moment wëllen op de gratis Transport opsprange fir Wielerstëmmen ze sammelen.”

Related topics Chamberwahlen 2018, Ëffentlechen Transport, Pascal Clement, Petitioun, Piraten
Next post Previous post