Stad Lëtzebuerg: Gratis Hygiènesproduiten op 5 Toiletten

Gratis Binden, Tamponen sou wéi Kondomer sinn elo an den Entréeë vu 5 ëffentlechen Toilette an der Stad Lëtzebuerg ze fannen. Domat start d’Haaptstad e Pilot-Projet, mat deem déi fundamental Besoinen vu menstruéierende Persounen gedeckt an den Alldag erliichtert soll ginn.

Gëschter hunn de Stater Gemengen- a Schäfferot d’Automaten offiziell presentéiert. Dës sinn op der Place de la Constitution, der Theaterplaz, am Cercle Cité, um Glacis wéi och am Stater Park beim Pirateschëff ze fannen. Geplangt ass, datt och d’Toiletten um Knuedler a Bock esou equipéiert ginn, soubal dës Infrastrukturen accessibel sinn.

Zum enge solle Fraen a Meedercher depanéiert ginn, déi grad keng Hygiènesproduiten zur Hand hunn. Mat de Kondomer soll viru sexuell iwwerdrobare Krankheete geschützt ginn. Ma, dës Initiative kënnt sécherlech och weibleche Sans-Abrien, déi sech Binden an Tamponen net ëmmer leeschte kënnen, ze Gutts.

Gratis Hygiènesproduiten op 5 Toiletten
De Serge Wilmes, d’Lydie Polfer an de Maurice Bauer bei der Presentatioun vun den Automate fir gratis Hygiènesproduiten © VDL Fotothéik / Eric Jaerling

De Maurice Bauer, Schäffen a Responsabel fir d’Chancëgläichheet tëscht Männer a Fraen, huet ënnerstrach, datt Binden an Tamponen en essentielle Besoin vu Fraen a Meedercher sinn. Mat den Automaten wéilt een dës Noutwennegkeet eescht huelen.

D’Testphas wäert elo 6 Méint lafen, de Pilot-Projet duerno analyséiert ginn. Upassungen an eventuell weider Automaten op ëffentlechen Toiletten a Plazen (z.B. Kulturzenteren a Sportshalen) kéinten dann nokommen. E weidere Pilot-Projet wier nach an engem Fondamental sou wéi engem Foyer geplangt.

Bleift ze hoffen, datt dës generéis Initiative vun den Notzer geschat an d’Automaten net duerch Vandalismus an Dommheet zerstéiert ginn.

Dernières nouvelles