Search

You may also like

Porte Ouverte BnL: 14.000 Visiteuren si kucke komm
Neiegkeeten

Porte Ouverte BnL: 14.000 Visiteuren si kucke komm

De Start vun der neier Nationalbibliothéik (BnL) hätt net kënne

De Kanner mat spezifesche Besoine wierklech hëllefen!
Neiegkeeten

De Kanner mat spezifesche Besoine wierklech hëllefen!

Datt Kanner mat engem „Handicap“ am allgemengen et net liicht

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 11. bis de 17. Januar 2021
Neiegkeeten

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 11. bis de 17. Januar 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt, sech

Gratis parken an de Rives de Clausen

Gratis parken an de Rives de Clausen

Vum haidege Mëttwoch un, ass den ënnerierdesche Parking vun der Brasserie (400 Stellplazen) fir d‘Cliente vun de Baren a Restauranten an de Rives de Clausen vun 18 Auer bis 1 Auer gratis. Eng vu ville Bedreiwer begréissten Aktioun. Dës Offer gëllt allerdéngs nëmme Mëttwochs.

Et wier sënnvoll, och wann d‘Etablissementer um 12 Auer mussen zoumaachen, de Parking bis 1 Auer gratis ze maachen. D‘Leit hunn esou d‘Zäit den Heemwee ouni Stress unzegoen. Natierlech wieren d‘Cliente vun de Rives de Clausen gebueden, sech anstänneg a roueg ze verhalen, fir dat d‘Awunner vum Quartier hir Nuetsrou kënne genéissen.

Weider heescht et, datt et bis heihinner keng Problemer mat de Reegelen a Recommandatioune ginn huet. D‘Personal wier beschtens instruéiert an eigentlech – Ausname bestätegen d‘Reegel – géif sech och all Mënsch am Kader vun de Rives de Clausen un déi ganz Virschrëften halen. Bis heihin ass een esouwäit ganz zefridden, an et géif och alles ënnerholl datt et esou bleift.

D‘Rives de Clausen sinn, besonnesch elo am Summer eng flott Plaz, fir sech dem Alldagsstress ze entleedegen. D‘Offer ass esou villfälteg wéi d‘Gäscht, déi dësen uert ze schätze wëssen. Ob ee gudde Maufel oder eppes fir ëm d‘Oueren, et dierft kaum ee Wonsch ginn, deen engem och an dëse schwieregen Zäiten net kéint erfëllt ginn.

Related topics Brasserie, Gratis, Parking, Rives de Clausen
Next post Previous post