Search

You may also like

money
Eng séier, geziilt a ugemoossen Äntwert
Neiegkeeten

Eng séier, geziilt a ugemoossen Äntwert

Lëtzebuerg hätt sech a punkto Krisemanagement gutt geschloen, esou emol

Kann des Petitioun de Verkéierschaos léisen?
Neiegkeeten

Kann des Petitioun de Verkéierschaos léisen?

Op mannst e Stéck vum Puzzle soll dës Petitioun duerstellen:

COVID-19: Wann Natur an Ëmwelt sech erhuelen
Neiegkeeten

COVID-19: Wann Natur an Ëmwelt sech erhuelen

Endlech kann d’Natur nees opootmen. Datt de Mënsch sech duerch

Zu de gratis Schoulbicher vun app.mybooks.lu

Zu de gratis Schoulbicher vun app.mybooks.lu

Säit der Rentrée 2018/2019 sinn déi obligatoresch Schoulbicher fir d’Schüler am Enseignement Secondaire, sou wéi vun der Formation Professionelle gratis. All Famill gëtt esou mat 450 € pro Schouljoer a pro Kand finanziell ënnerstëtzt.

Ab elo kann een nees iwwert app.mybooks.lu, mat personaliséiertem a geséchertem Accès, seng gratis Schoulbicher eraussichen a se uschléissend bei der Librairie siche goen.

Zwou Erneierungen

Fir eng nohalteg a responsabel Notzung vun de Schoulbicher ze encouragéieren, kréie Schüler, déi ee gebrauchtent d’Schoulbuch siche ginn, een Akafsbong an Héicht vu 50 % vum Akafspräis vun engem neien, net bestallte Buch. Mat dësem Bong kann een an de Partner-Librairië vum Programm myBooks käschteflichteg Schoulbicher oder anert Liesmaterial kafen. Bis zum 30. Juni 2020 kann een vun der Initiativ profitéieren.

Wien ass concernéiert?

D’Schoulbicher si gratis fir all Schüler

  • aus dem Enseignement Secondaire Classique a General
  • vun der Formation Professionelle
  • aus den europäeschen an internationale Klassen (International Baccalaureate, A-Level) vun den ëffentleche Schoulen
  • aus dem private Secondaire, woubäi de Programm vun den ëffentleche Schoulen ënnerriicht gëtt

Souwuel iwwert de Computer, wéi och iwwert den Handy oder den Tablet ass d’Applikatioun app.mybooks.lu zougänglech. D’Schüler aus de Preparatiounsklassen, den Accueilsklassen, de CLIJA-Klassen, wéi och den europäeschen an internationale Klassen kréien hir Bicher direkt am Lycée ausgedeelt.

Related topics app.mybooks.lu, Educatioun, Schoulbicher, Schoulrentree
Next post Previous post