Search

You may also like

Wann Insulaner Suergen hunn
Neiegkeeten

Wann Insulaner Suergen hunn

Ëmmer méi Supermarché-Bedreiwer a Groussbritannien si wéinst der ëmmer gréisserer

Erstaunlech Erkenntnis an Australien
Neiegkeeten

Erstaunlech Erkenntnis an Australien

Et gëtt Saachen déi eiseree fir dat normaalst vun der

Kanner virun d’Dier – De Wee zu enger méi verständlecher a realitéitsnoer Bildung
Neiegkeeten

Kanner virun d’Dier – De Wee zu enger méi verständlecher a realitéitsnoer Bildung

De Klassesall an d’Natur verleeën, Erfarungen dobausse sammelen an esou

Gratis Schoulbicher: app.mybooks.lu ass nees online!

Gratis Schoulbicher: app.mybooks.lu ass nees online!

Zënter dem 25ten Juli 2020 ass d’Applikatioun app.mybooks.lu nees online. Dës Applikatioun erméiglecht et de Schüler aus dem Enseignement Secondaire (an der Formatioun Professionell) sech Schoulbicher erauszesichen, se kënne ganz einfach an der Librairie ofgeholl ginn.

D’Bicher si gratis, d’Käschte gi vum Staat gedroen. De Bong ass bis den 30 Juni 2021 gëlteg, en ass fir den eegene Besoin an däerf net weider verschenkt ginn.

Fir en nohaltegen a verantwortungsvollen Ëmgank mat de Léierbicher ze fërderen, kréien d’Schüler en Akafsbong vu 50 Prozent (vun den neie Wierker, déi si net net bestallt hunn), wann si noweise kënnen, datt si Occasiounsbicher kaf hunn.

Fir wien ass dës Offer?

  • Den Enseignement Secondaire Classique a Général
  • D’Formatioun Professionelle
  • Europäesch an international Klassen vun ëffentleche Schoulen
  • Privat Sekondärsschoulen, déi d’Programmer vun ëffentlechen Schoulen uwenden.

Wéi funktionéiert dat Ganzt?

D’Schüler loggen sech an der Applikatioun an, sief dat um Smartphone, dem Computer oder enger Tablett – den Accès ass personaliséiert a geséchert.

Schüler déi a Virbereedungsklassen, an international oder europäesch Klassen oder enger Klass CLIJA sinn, kréien hir Bicher direkt an hirem Lycée. Och wann d’Kand säi Schouljoer redoubléiere muss, e kéint awer an de Genoss vun neie Bicher kommen. Sollten déi al allerdéngs nach an engem gudden Zoustand sinn, wier dovunner ofzeroden.

De Fall gesat, datt am Laf vum Schouljoer e Klassewiessel virun der Dier géif stoen, ass et méiglech wärend zwee Méint vun der Offer ze profitéieren. Sollt e seng Bicher verléieren, kënnt de Staat net dofir op, d’Verantwortung läit do beim Schüler. D’Bicher kann een allerdéngs net online kafen.

Sollten nach Froen opstoe kann den Helpdesk CGIE (Centre de gestion informatique de l’éducation) Iech eventuell weider hëllefen:

Ab dem 2te September kann och déi betreffend Schoul weider hëllefen. Weider Informatioune fannt Dir op portal.education.lu.

Related topics app.mybooks.lu, Cours, Educatiounsministère, Gratis Schoulbicher, Léieren, Lycee, Material, Schoul
Next post Previous post