D‘Patronat mëscht sech an de Wahlkampf an
Offiziell ass d‘Campagne fir d‘Chamberwahle vum 14. Oktober nach net
Offiziell ass d‘Campagne fir d‘Chamberwahle vum 14. Oktober nach net
Eigentlech hätt de Fräihandelsaccord mat de Kanadier schonn am Abrëll
De Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung Romain Schneider
A senger parlamentarescher Fro N°2563 vum 17. Juli 2020 huet den Deputéierte Mars Di Bartolomeo (LSAP) emol nogefrot, wéi et ëm den universellen Accès op Verhütungsmëttel an hire Remboursement steet, esou wéi een et am Koalitiounsprogramm vun 2018-2023 virgesinn hat. Ma, scho geschwënn wäert ee sech ëm dëse Punkt këmmeren.
Wärend zënter dem 1. August 2018 80 % vun de Käschte vun der CNS iwwerholl ginn, dat bis zu engem Alter vun 30 Joer, wäert sech dëse Programm elo zum Positive fir d’Verbraucher änneren. D’Käschte fir Verhütungsmëttel – dorënner d’Pëll, den Diaphragme, de Rank, de Patch, d’Spiral, Kondomer fir Fra a Mann a villes méi – gi komplett a fir all Alter iwwerholl.
D’Detailer zum Impakt op de Budget kéint een elo nach net viraussoen. Heivir mussen een als éischt d’Handlunge vun der Kommissioun vum Gesondheetsministère zur Nomenclature ofwaarden. Virgesinn ass, datt d’Käschten tëscht der Krankekeess an dem Staatsbudget opgedeelt ginn.
Fir d’Redaktioun bleiwen do awer nach Froen zum Oflaf. Wäert ee beispillsweis an Zukunft nach Kondomer am Supermarché fannen a schéckt een dann de Keesenziedel un d’CNS? Gëtt d’Berodung an d’Informatioun zu de verschidde Verhütungsmëttel weider ausgebaut? Wier et an dësem Kader net och un der Zäit Hygiènesmaterial fir d’Menstruatioun gratis zur Verfügung ze stellen?