Search

You may also like

Kontrollen um Weekend – Vun den Dräi Eechelen bis bei de Stauséi
International Neiegkeeten

Kontrollen um Weekend – Vun den Dräi Eechelen bis bei de Stauséi

Och um Weekend waren eis Dammen an Häre vun der

Dyspraxie: Weder eng Behënnerung, nach eng Krankheet a scho guer keen Tabu!
International Neiegkeeten

Dyspraxie: Weder eng Behënnerung, nach eng Krankheet a scho guer keen Tabu!

Elo steet d’Schoulrentrée virun der Dier an do wäerte verschidden

money
Den Eenzelhandel hält sech…
International Neiegkeeten

Den Eenzelhandel hält sech…

Et gi vill interessant Etüden, an et soll och emol

Éisträich: Dräi antisemittesch Iwwergrëff bannent enger Woch

Zu Graz ass ee Samschdeg de Virsëtzende vun der jiddescher Communautéit ugegraff ginn

Éisträich: Dräi antisemittesch Iwwergrëff bannent enger Woch

Mat engem Baseballschléier ass ee Samschdeg den Elie Rosen, Virsëtzende vun der jiddescher Communautéit zu Graz, ugegraff ginn. No dësem schonn drëtte Virfall bannent enger Woch, huet den Inneminister de Schutz vun de jiddeschen Ariichtungen an Institutiounen ugeuerdent.

GrazOp Nofro huet déi jiddesch Communautéit vu Graz bestätegt, datt hire Virsëtzenden ee Samschdeg vun engem bis ewell nach net identifizéierte Mann ugegraff ginn ass. Den Elie Rosen wier attackéiert ginn, wéi hien aus dem Auto geklommen ass. Mat knapper Nout konnt sech den Elie Rosen nees am Gefier a Sécherheet bréngen, wärend den Ugräifer op den Auto ageschloen huet.

Dat war den drëtten antisemitteschen Ugrëff bannent enger Woch. An der Nuecht op en Dënschdeg ware pro-palestinensesch Parollen op d‘Synagog an de nogeleeëne Zenter vun der Communautéit gesprayt ginn. An der Nuecht zum Freideg, goufe Fënstere vun der Synagog ageworf. D‘Police geet dann och dovunner aus, datt d‘Attack op den Elie Rosen, mat dësen Doten zesummenhänkt.

GrazFir de Virsëtzende vun der Communautéit eng beonrouegend Situatioun: „Ech hätt net geduecht, datt esou eppes kéint hei zu Graz méiglech Sinn“, esou de Elie Rosen, deen einfach nëmmen traureg ass, datt esou eppes zu Graz passéiert. „Ech wäert mech awer net verstoppen, a mech och net vu menger Aufgab fir d‘Communautéit duerch dës Uschléi beandrocke loossen“, esou seng Ausso.

Kloer Wierder an entspriechend Moossnamen

No dësem Virfall huet den éisträicheschen Inneminister, Karl Nehammer, ee besser Schutz fir déi jiddesch Ariichtungen ugeuerdent. De Bundeskanzler Sebastian Kurz huet sech op Twitter zum Virfall geäussert: „Mir wäerten alles maachen, fir den Täter séier zur Rechenschaft ze zéien an d‘Sécherheet vun der jiddescher Communautéit an Éisträich och weiderhin ze garantéieren“.

GrazDe Bundespresident Alexander Van der Bellen huet dat ergänzt: „Juddenhaass an Antisemitismus hu keng Plaz an eiser Gesellschaft“. De Kardinol vu Wien, Christoph Schönborn, huet sech och iwwert de Kuerznoriichtendéngscht zu Wuert gemellt: „Déi widderhuelten Ugrëff op déi Grazer Synagog erschrecke mech (…) Antisemitismus dierf ni méi an Éisträich Plaz fannen“, esou de Kardinol.

GrazOch de President vun der islamescher Glawensgemeinschaft an Éisträich, Ümil Vural, huet sech de Wierder vum Kardinol ugeschloss. Gläichfalls op Twitter huet dëse gemengt: „Antisemitismus an Hetz hu keng Plaz an eiser Gesellschaft! Meng voll Solidaritéit gëllt der jiddescher Communautéit“. Däitlech Wierder also géint den Haass. Bleift ze hoffen datt den Täter séier kann ermëttelt ginn.

mat indymedia/vie/grz

Foto: E grousst Zeeche vu Solidaritéit: iwwer 300 Grazer Bierger hunn zesumme mat de Leit vun der jiddescher Communautéit e Sonndeg géint eng latent Reprise vum Antisemitismus an hirer Stad demonstréiert a sech symbolesch al Schutzschëld virun d‘Grazer Synagog gestallt. © Tristan Ammerer

Related topics Antisemitismus, Éisträich, Elie Rosen, Graz, Jiddesch Communautéit, Steiermark, Synagog
Next post Previous post