Search

You may also like

dislike
D’Piratepartei wëll prett fir de Wahlkampf sinn. Mee en interne Kampf dominéiert op hirem Kongress
Money Neiegkeeten

D’Piratepartei wëll prett fir de Wahlkampf sinn. Mee en interne Kampf dominéiert op hirem Kongress

Et sollt ee Perséinleches virun der Dier loossen. Mat dëser

Dem Emmanuel seng Grondsazried
Money Neiegkeeten

Dem Emmanuel seng Grondsazried

An der Grondsazried vum franséische President ass et emol grondsätzlech

Statistik: Kreeslaferkrankungen a Kriibs sinn déi Haaptursaache fir den Dout
Money Neiegkeeten

Statistik: Kreeslaferkrankungen a Kriibs sinn déi Haaptursaache fir den Dout

Säit der Ëmsetzung vum groussherzogleche Reglement vum 20. Juni 1963,

money

Réckbléck: 7. Editioun „Green Business Awards“ mat flotte Laureaten

Réckbléck: 7. Editioun „Green Business Awards“ mat flotte Laureaten

Den 19. Oktober war et nees esou wäit, kuerz iert et endgülteg an den Hiecht geet, trëfft sech d‘Green Works Community fir hir innovatiivst Memberen ze éieren. Dem Rendez-vous vun dësem Joer haten iwwer 150 Firmevertrieder zougesot.

Iert dann awer zu der Präisverdeelung komme konnt, haten sech ee puer Riedner dem Thema „Gréng Innovatioun“ ugeholl. Hei ass ervirzehiewen, datt och de Schwäizer Walter R. Stahel vill Interessantes bäizesteieren hat. De Walter R. Stahel, Politik-, Wirtschafts- a Firmeberoder, ass och de Begrënner vum Genfer Institut fir Produktdauer-Fuerschung.

Hien ass bei sengem Virtrag besonnesch op Korrelatioun tëscht der linearer-, der Kreeslaf- an der performanter Wirtschaft agaangen. Interessant de Constat, datt Nohaltegkeet a Handel zwou Säite vun enger Mënz sinn. D‘Kreeslafwirtschaft huet vill Virdeeler, nieft dem Fait, datt et Ressourceschounend ass. Richteg ugewannt an esou laang wéi de wirtschaftleche Risk berécksiichtegt gëtt, wier hei richteg Geld ze maachen.

„Reparéiere loosse statt nei kafen, schaaft nei Mäert an Aarbechtsplazen“, esou de Walter R. Stahel deen dann awer unerkennt, datt et net an all Beräicher eng Kreeslafwirtschaft ka ginn an et deels och wirtschaftlech net Sënnvoll wier. De Recycling an dat wat hien ënnert „second hand ressources“ versteet, wier awer d‘Zukunft. Et muss een et just mat den technesch-kommerzielle Strategien ze verbanne wëssen.

Innovativ Acteuren aus der Wirtschaft

Lëtzebuerg ass keng Insel an hei ass een och der Innovatioun net verschloss. Am Kader vun der Green Business Awards ass et also logesch, datt sech deen een oder anere Betrib presentéiert. Esou dann och EIDA e „grénge“ Fournisseur fir Stroum- a Gas, dee säit zéng Joer kontinuéierlech wiisst. De Paul Kauten konnt dann och iwwerzeegend duerstellen, firwat ee gutt beroden ass, bei hinne Client an/oder Investisseur ze sinn.

Am selwechte Secteur ënnerwee, ENOVOS. Hei huet de Laurent Magi op d‘energetesch Effikassitéit opmierksam gemaach. Do wier nach vill Loft no uewen an et sollt ee sech am Eescht mat den Eko-Primmen ausenanersetzen. Si wieren do mat hirem Reseau u Partner beschtens ausstafféiert an et géif sech wierklech lounen. Bei ronn 3.500 Dossieren déi ugeholl goufen, enger Energie-Erspuernis vu bal 185 GWh, stellt dat eng Gesamtzomm vun 3 Milliounen Euro duer.

Aus der Finanzbranche, Deloitte Luxembourg, representéiert vum Tom Peiffer. Säi Plaidoyer huet sech op den „verantwortlechen Investissement“ bezunn. Wat fir eng Regierung net ganz esou einfach wier, sollt ee sech als Privatpersoun oder Entreprise eppes méi genau ukucken. Eng Bourse fir gréng Aktië géif et och ginn (Green Stock Exchange) an d‘Banke kéinten haut ouni esou eng Offer och net bestoen. Zudeem wier et e Feeler unzehuelen, datt déi Aktië manner Profit géife generéieren.

De Malik Zeniti vun „Cluster for Logistics Luxembourg“ an de Max Nilles vum Infrastrukturministère sinn op d‘Zesummespill vun Handel an Transport agaangen. Dat meescht vun deem wat e fir gewéinlech keeft, muss jo och transportéiert ginn. Wat den Transport besser organiséiert ass (Kapassitéit & Effizienz) wat sech méi Emissiounen aspuere loossen. Logistik Firmen déi et fäerdeg brénge bis zu 20% CO² anzespueren hunn och en Usproch op e Label.

D‘Laureaten vun 2017

A fënnef Kategorien hat een eng Chance mat sengem Projet ee vu de Präisser ze gewannen. Eng Auszeechnung virun allem fir d‘Innovatioun mee och fir d‘Bereetschaft kreativ Iddie mat Nohaltegkeet-Charakter ëmzesetzen. Véier Laureaten haten dann och all Grond sech op dësen Owend ze freeën.

Fir unzefänke wier do Sales Lentz. Déi Käerjenger Entreprise fir Persounentransport huet dann och direkt 2 „Awards“ erhalen. De „Green Mobility Award“ fir nei Strukturen an Initiativen, wéi zum Beispill den Asaz vun Elektro-Busser an der Gemeng Déifferdeng. Iwwerhaapt gehéiert beim Sales Lentz Ëmweltschutz zur Firmen-DNA. Mat sechs reng elektresche Busser, 12 Elektro-Hybrid Busser a 36 weider Hybrid-Busser zielt een dann och zu Pionéier am Privatsecteur.

De Georges Hilbert konnt dann och ganz zefridden de verdéngte Präis entgéint huelen. Mee do ass et dann nach de „Green Strategy Award“ ginn. Och dee verdéngt, well zanter 2009 ass déi ganz Entreprise nei iwwerduecht ginn. Mat der Strategie „Smart mobility“ fir eng urban Ekomobilitéit am Sënn vum Bierger, ginn all Joer manner Emissiounen ausgestouss.

De „Green Technology Award“ huet gläichfalls verdéngt, d‘Firma APATEQ erhalen. Si hunn eng präiswäert awer ganz effektiv Léisung fonnt fir Waasser ze klären. Hir „Container“ Kläranlag ass en Hit an scho villfälteg am Asaz. D‘Cheffin Mireille Wellenreiter huet de Präis an Numm vun de Mataarbechter entgéint geholl.

Fir Miscanthus Asbl huet sech den Dag och gelount. Si hunn hire Präis, de „Green Building Award“ fir de Bau vun ökologesch gesond an nohaltegen Haiser erhalen. De Carlo Posing bestätegt dann och, datt fir si d‘Kreeslafwirtschaft eng Realitéit ass an hiert d‘Baumaterial zu 100% „Zirkulär“ ass. Besonnesch op en Award gefreet hunn sech dann nach d‘Leit vun „OUNI“. D‘Epicerie ouni Verpakung aus der Gliesenerstrooss huet net nëmme Succès bei de Leit, mee och e Konzept dee verdéngt zum „Green Consumer Award“ gefouert huet.

Related topics EIDA, ENOVOS, Miscanthus, OUNI, Sales Lentz
Next post Previous post