Search

You may also like

Déi 3. industriell Revolutioun ass net opzehalen
International Neiegkeeten

Déi 3. industriell Revolutioun ass net opzehalen

E Méindeg ass am Wirtschaftsministère de Punkt gemaach ginn, wou

D‘Regierung vernoléissegt de Schutz vun de Beschäftegten op der Aarbechtsplaz
International Neiegkeeten

D‘Regierung vernoléissegt de Schutz vun de Beschäftegten op der Aarbechtsplaz

Zanter dem Ufank vun der Pandemie hunn déi Lénk ëmmer

Den ëffentlechen Defizit an der EU ass réckleefeg
International Neiegkeeten

Den ëffentlechen Defizit an der EU ass réckleefeg

Den ëffentlechen Defizit huet sech an der EU iwwert déi

Greenpeace Militante viru Geriicht

Si waren zu Cattenom agedrongen a krute gëschter de Prozess am Appell gemaach

Greenpeace Militante viru Geriicht

Um Mëttwoch huet zu Metz de Prozess am Appell géint aacht Militante vu Greenpeace an engem Mataarbechter gemaach. Et geet bei dëser Geriichtsaffär ëm d‘Andrénge vu Militanten um Site vu Cattenom. Greenpeace wollt mat dëser Aktioun 2017 d‘Fragilitéit vun der Lagerung vu verbrauchte Brennstief noweisen. Déi ginn an ongeschützte Waasserbasengen tëschegelagert. Eng reell Gefor…

An éischter Instanz waren d‘Militante vu Greenpeace vum Geriicht zu Diddenuewen zu zimlech heftege Prisongsstrofe veruerteelt ginn. Zwee Militante sollte fir dës Aktioun zwee Méint laang „aus dem Verkéier gezu“ ginn an och ee Mataarbechter vun der Atomzentral war zolidd ënnert d‘Rieder vun der Justiz geroden. D‘Affekote vu Greenpeace France hate fir all d‘Mandanten d‘Relaxe gefrot.

No gutt siwe Stonnen Audienz, haten d‘Affekoten, de Mê Marie Dosé an de Mê Alexandre Faro d‘Aktioun „als fir d‘Erkenntnis fir den industrielle Risk noutwenneg“ beschriwwen an domatter de Fräisproch plädéiert. D‘Geriicht huet de Jugement an d‘Deliberatioun verwisen. D‘Uerteel fir déi inkriminéiert Militante soll de 15. Januar 2020 am Nomëtteg prononcéiert ginn.

Fir de Generaldirekter vu Greenpeace France, Jean-François Julliard, war et eng wichteg Audienz. Hien huet erkläert, datt et bei dësem Prozess wichteg war a Rou d‘Argumenter virzeleeën, déi zu dëser onkonventioneller Aktioun gefouert hätten. Et sollt mat dëser Aktioun net nëmmen nogewise ginn, datt d‘Atomanlage vun EDF unhand der Fragilitéit vun den Installatiounen eng Gefor sinn.

Nee bei dësem Prozess geet och drëms ze beweisen, datt de zivillen Ongehorsam noutwenneg ass, fir vun den Autoritéiten dat noutwennegt Gehéier zougestanen ze kréien. D‘Affekote bezeechnen d‘Militanten dann och als Whistleblower, déi am Interessi vun der Allgemengheet agéiert hunn. Et ass schliisslech gewosst, wéi geféierlech Atomzentrale sinn a wann dann och nach gefuscht gëtt…

Béid Affekoten erwaarden sech dann och vum Geriicht, datt dëst d‘Noutwennegkeet vum Geste deen d‘Militante motivéiert huet unerkennt. Ass deem esou, datt missten „déi 9 vu Cattenom“ och fräigesprach ginn. Säitens EDF a Regierung ass een dogéint méi op d‘statuéiere vun engem „Exempel“ aus. Déi si jo iwwerzeegt, datt Atomzentralen an hiren Offall keng Gefor duerstellen.

Foto: Bierger-Mobiliséierung fir déi 8 Greenpeace-Militanten an de Salarié vun der Atomzentral zu Cattenom. © Jean Nicholas Guillo / Greenpeace

Related topics Atomzentral, Cattenom, EDF, France, Gefor, Greenpeace, Militanten
Next post Previous post