Search

You may also like

Editorial: Wien trëfft d‘Schold, wann de Patronat net verhandelen wëll?
Neiegkeeten

Editorial: Wien trëfft d‘Schold, wann de Patronat net verhandelen wëll?

De Gruppement vun den Entrepreneure fir den Héich- an Déifbau,

Méi Kompetenze fir d‘Pecherten
Neiegkeeten

Méi Kompetenze fir d‘Pecherten

Zanter wéinst dem Asaz vu private Sécherheetsentreprisen an der Stad

dislike
Dieschbourg: „keng Renaissance vum Atom erlaben“
Neiegkeeten

Dieschbourg: „keng Renaissance vum Atom erlaben“

Um Donneschdeg huet Lëtzebuerg sech iwwert eng manifest „concurrence déloyale“

ROAR: D’Parlament huet e staarkt Zeeche fir méi nohalteg Investissementer bewisen

Nodeems Greenpeace Lëtzebuerg schonn zënter laanger Zäit op déi ëmweltschiedlech Investissementer vum Kompensatiounsfong FDC opmierksam mécht, huet d’Organisatioun leschten Donneschdeg e klengen Erfolleg erlieft. D’Majoritéit vun den Deputéierten huet bei der Sitzung vum Parlament kloergestallt, datt et am Beräich vun den nohaltegen Investissementer sou munches nozehuele gëtt.

Ma, natierlech bezéie sech d’Aktivisten virun allem op de Pensiounsfong, dee massiv a fossil Energien investéiert an net mat den Ziler vum Paräisser Klimaofkommes am Eeklang ass. Ëmsou méi frou ware si bei hirer „ROAD“-Aktioun, well de Groussdeel vun den Deputéiert eng Motioun zur Investitiounsstrategie vun de staatleche Fongen – Kompensatiounsfong FDC an intergenerationelle Fong FSIL – opgeholl huet.

Doduerch konnt d’Parlament e staarkt Zeeche setzen, op dat d’Regierung elo reagéiere muss. Dobäi geet et dorëm d’Auswierkungen vum FDC op d’Ëmwelt ze bewäerten an doropshin Pisten ze entwéckelen, sou datt een d’Fongen koherent an nohalteg abanne kann.

„D’Majoritéit vum Parlament huet erkannt, datt et kee Grond gëtt fir ëffentlech Gelder an Entreprisen ze investéieren, déi eis Ëmwelt zerstéieren an d’Mënscherechter net respektéieren. D’Investissementer a klimaschiedegend Entreprisen sinn net just schiedlech fir Mënsch an Ëmwelt, mee stellen doriwwer hannenaus e finanzielle Risiko duer“, erkläert d’Martina Holbach, Klima- a Finanzkampaignerin bei Greenpeace Lëtzebuerg.

Eng Rëtsch Deputéiert huet souguer an hire Rieden uginn, datt et kee Widdersproch tëscht Wirtschaftlechkeet vun Investitiounen an nohaltegem Investéiere gëtt. Greenpeace Lëtzebuerg fuerdert, datt d’Regierung säin Optrag unhëlt an dësen och zur Prioritéit erkläert.

„Den FDC muss sech mat Ziler vum Paräisser Klimaofkommes an Eeklang bréngen an déi klimaschiedegend Investitiounen a Kuel, Ueleg a Gas beenden“ sou d’Myrna Koster, Kampaignerin fir Klimagerechtegkeet.

Bei hirer „ROAD“-Aktioun hunn d’Aktivisten sech iwwregens an der Stad Lëtzebuerg zesummefonnt, fir ënnert anerem e Wuert mat verschidden Deputéierten ze schwätzen, a si, souwéi d’Ëffentlechkeet mat hirem Banner wakereg ze rëselen. Nieft dem Sproch „Will you join the ROAR“ ass nämlech e Mosaik u Fotoen ofgebild, bei deene sech d’Persounen wéi Dinosaurier presentéieren. Domat wëll een déi honnerte Bierger duerstellen, déi eréischt viru kuerzem e Bréif un d’Membere vum Parlament geschéckt hunn, an deem si eng Investitiounsstrategie fuerderen, bei där fossil Energien net méi duerch ëffentlech Gelder finanzéiert ginn.

Billergalerie © Lise Bockler / Greenpeace

Related topics Deputéiert, Dinosaurier, FDC, Fossil Energien, Greenpeace Lëtzebuerg, Investitiounsstrategie, Kompensatiounsfong, Motioun, Nohaltegkeet, Parlament, Regierung, ROAR
Next post Previous post