Search

You may also like

Véier Froen un d’Crew vun der Sea-Watch 4
International Neiegkeeten

Véier Froen un d’Crew vun der Sea-Watch 4

D’Lucrezia ass als „Guest Coordinator“ u Bord vun der Sea-Watch

Den ACL presentéiert de Service Rétro-Évaluation
International Neiegkeeten

Den ACL presentéiert de Service Rétro-Évaluation

Ab elo bitt den ACL Diagnostic Center déi sougenannt Rétro-Évaluation

Chantier Pont Buchler: Déi nächst Phase um 25. Abrëll 2020
International Neiegkeeten

Chantier Pont Buchler: Déi nächst Phase um 25. Abrëll 2020

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéieren doriwwer, datt um Samschdeg, de

Greenpeace: Damp um Dach vun der Fabrik Orano zu La Hague

Greenpeace: Damp um Dach vun der Fabrik Orano zu La Hague

D’Aktiviste vu Greenpeace Frankräich hunn de 25. Januar moies ee rout Niwwelsignal um Dach vum Killbaseng fir ofgebrannte Brennstoffer vum Wierk Orano (ehemoleg Areva) zu La Hague ausgeléist. Mat der Aktioun, déi vun enger Dron duerchgefouert ginn ass, wëllen si op d’Iwwerlaaschtung a Verletzlechkeet opmierksam maachen.

Tatsächlech konzentréiert dëst Gebai d’Equivalent vun honnert Käre vun engem Atomreakteur. Säin Dach aus einfachem Blech ass awer vill ze zerbriechlech fir déi d’Basenge mam radioaktive Material am Eeschtfall virun der Loft ze schützen. Den Alix Mazounie, Energie-Campaignerin bei Greenpeace Frankräich erkläert: „Greenpeace huet nees bewisen, datt déi franséisch Atomanlag net genuch géint d’Risike vun externe Gefore geschützt sinn. Besonnesch schockéieren ass awer, datt dës Dron Niwwelsignaler um Dach vum Ofkillbaseng ausléise konnt, d.h. un der Schwaachstell vum Gebai mat der weltwäit gréisster Unzuel u radioaktivem Material.“

Un drone de Greenpeace déclenche des fumigènes sur le toit de la piscine de l’usine d’Orano La Hague

Net genuch Schutz viru Risiken

Säit Oktober 2017 hunn een Bericht vun Experten, sou wéi dräi Andréngaktiounen, duerchgefouert vu Greenpeace-Aktivisten, op d’Verletzlechkeet vum Killbecken fir ofgebrannte Brennstoffer opmierksam gemaach. Den Alix Mazouni erënnert:“2018 huet déi franséisch parlamentaresch Ënnersichungskommissioun de Problem erkannt a gefuerdert, datt déi franséisch Iwwerwaachungsadministratioun fir nuklear Sécherheet (ASN) zousätzlech Befugnisser erhale soll, fir Nuklearanlage besser géint Ugrëff vu baussen ze schützen. Dëser Empfeelung sollen elo Tate folgen an et ass dringend erwënscht, d’Mandat vun der ASN op d’Fro vun der passiver Sécherheet auszeweiten“.

Iwwerbelaaschtung vum Baseng

Den Ofkillbaseng vun der Fabrik Orano enthält ongeféiert 10.000 Tonnen ofgebrannte Brennstoffer, déi dorop waren opbereet ze ginn oder am Hibléck op eng endgülteg Léisung hei leien. EDF schéckt ëmmer méi ofgebrannte Brennelementer op La Hague, wéi d’Entreprise iwwerhaapt verschaffe kann.

Sou gëtt Orano vu Joer zu Joer ëmmer méi iwwerlaascht. An engem Bericht vum HCTISN Enn 2018 ass un d’Kapassitéite vun dëse Basengen erënnert ginn: déi verfügbar Fläch läit bei manner wéi 7,4%. An de kommende Méint wäert et eng ëffentlech Diskussioun zum nationale Plang fir d’Entsuergung vu radioaktive Stoffer an Offall ginn.

Greenpeace muss dësen Ulooss notzen, fir d’Enn vum „Recycling“, den zur Usammlung an der Lagerung vun héich radioaktivem Offall féiert, méi no ze bréngen. Si weisen drop hin, datt déi franséisch Atomanlagen all de selwechte Problem deelen: si sinn al, a schlecht geschützte Gebaier an zum Iwwerlafe mat radioaktivem Offall gefëllt. Och de Recycling kann den Endoffall net reduzéieren.

Opmaacherbild: © Nicolas Chauveau / Greenpeace

Related topics Denuklearisatioun, Gefor, Greenpeace, Ofkillbaseng, Orano, radioaktivt Material
Next post Previous post