Search

You may also like

Coronakris a Blutt spenden: Wéi ass d’Lag?
Neiegkeeten

Coronakris a Blutt spenden: Wéi ass d’Lag?

Blutt spenden ka Liewe retten! Leider hunn ech wärend menge

Sech den Normen no riichten
Neiegkeeten

Sech den Normen no riichten

Nodeems de leschte Freideg d‘Koalitioun déi XIX. Versioun vum Covid19-Gesetz

Schwéier Explosioun a Méi-Familljenhaus a Sachsen-Anhalt
Neiegkeeten

Schwéier Explosioun a Méi-Familljenhaus a Sachsen-Anhalt

Um Freidegmueren (08.55 Auer) si bei enger Explosioun an engem

Greenpeace nëmme partiell begeeschtert

Europäesch Investitiounsbank beendegt bal all seng Investitiounen an déi fossil Energien

Greenpeace nëmme partiell begeeschtert

Wéi Greenpeace Lëtzebuerg et haut erkläert huet, géif déi Europäesch Investitiounsbank (EIB) déi hire Sëtz zu Lëtzebuerg um Kierchbierg huet, hir Investitiounen an déi fossil Energien ab Enn 2021 reduzéieren, woubäi dovunner de Gas net soll betraff sinn.

Bei der Sëtzung vum EIB-Verwaltungsrot en Donneschdeg, hätten d‘Länner: Däitschland, Italien a Polen, mee och déi – nach net ganz – vun der däitsch geleeten EU-Kommissioun, ganz erhieflechen Drock opgebaut, fir datt d‘EIB weider an Infrastrukturen zur Gasfërderung investéiere kann. Et geet heibäi och ëm esou Projete wéi „Nord-Stream II“. 19 EU-Länner haten déi nei Ausriichtung vun dëser Investitiounspolitik ënnerstëtzt, sechs hunn sech enthalen.

Géint d‘Propos ware Polen, Rumänien an Ungarn. Estland, Litauen, Malta an Zypern hunn eng méi liicht Handhabung bei der Finanzéierung vum Gas gefuerdert, an eenzeg Éisträich a Lëtzebuerg hu refuséiert Nuklearenergie weiderhi fir Investissementer ze akzeptéieren…

Dorausser ergëtt sech d‘Schlussfolgerung dat déi nei Investitiounspolitik vun der EU ophale muss de Secteur vum Pëtrol an der Kuel ze finanzéieren. Datt weiderhin an Infrastrukture fir de Gas, wéi an d‘Moderniséierung vun der bestoender Infrastruktur fir fossil Energie iwwert 2021 eraus Geld fléisse soll, steet am Widdersproch zu de Klimaverflichtungen déi d‘Unioun sech selwer operluecht huet, dat heescht d‘Reduktioun vun den Zäregasemissiounen.

Heizou stellt d‘Martina Holbach, Campaignerin bei Greenpeace Lëtzebuerg, fest: „Während de Klimanoutstand ëmmer schlëmmer gëtt, kann sech Europa net erlaben een Dag oder een Euro méi an fossil Energien ze stiechen. All d‘Finanzementer a fossil Energie sollte verbuede sinn, och an de fossille Gas. Trotzdeem ass déi nei politesch Ausriichtung ee wichtegt Signal fir den Energiesecteur an d‘Finanzwelt, dat drop hiweist, datt d‘Ära vun de fossille Brennmëttel op en Enn geet“.

A weider: „Mir riichten en Appell un all déi aner staatlech a privat Banken, dem Beispill vun der EIB ze follegen, an esouguer e Schratt méi wäit ze goen, andeems elo direkt an ouni Ausnam déi fossil Energien net méi finanzéiert ginn“. De Secteur huet sech zu dësem Opruff net geäussert.

Wat dozou muss gewosst sinn

Enn Juli hat d‘EIB eng éischt Virlag vu senger neier Finanzpolitik fir d‘Energie virgeluecht, an där de Virschlag enthale war, all Finanzementer fir Projeten déi mat fossillen Energie verknäppt sinn, no 2020 ze stoppen. Dat awer huet weder der EU-Kommissioun nach enger Rei Länner entsprach an hir Awänn si vun der europäescher Investitiounsbank berécksiichtegt ginn.

Esou wäert d‘EIB och weiderhi Stroumzentrale mat fossiller Energie – dann déi manner wéi 250g CO² pro kWh Stroum ausstoussen – an aner Projete mat geréngem Karbon-Opwand – wéi Waasserstoff an/oder Biogas – finanzéieren. Bis Enn 2021 kann d‘EIB och Projete vu Gas-Infrastrukturen déi grad evaluéiert ginn a weider Projeten a Relatioun mat fossille Brennstoffer déi nach net agereecht goufen, finanzéieren.

Trotz der Tatsaach, datt d‘Käschten am Kontext vun den erneierbaren Energië staark ofhuelen, an déi bei der Atomenergie bestänneg zouhuelen, bleift de nuklearen Apport bei der EIB eligibel. D‘EIB wëll an zwee Joer nach emol seng Politik evaluéieren an Greenpeace erhofft sech, datt dës Evaluatioun derzou bäidréit d‘Lächer ze stoppen an sech dann d‘EIB wierklech als europäesch Klimabank presentéiere kann.

Foto: James Armbruster / Pixabay

Related topics EIB, Europäesch Investitiounsbank, Fossil Energien, Greenpeace, Klimanoutstand
Next post Previous post