Search

You may also like

Simbabwe: Chronik vun engem Ënnergang
Neiegkeeten

Simbabwe: Chronik vun engem Ënnergang

An de 37 Joer déi hien de Simbabwe „gefouert“ huet,

Déi 8. Editioun vun der LuxCon fënnt virtuell statt
Neiegkeeten

Déi 8. Editioun vun der LuxCon fënnt virtuell statt

Déi Sougenannte „Luxembourg Convention“ kuerz LuxCon, muss aus Grënn an

OPGEPASST: Ongekennzeechent Gluten a Lasagne vum Delhaize!
Neiegkeeten

OPGEPASST: Ongekennzeechent Gluten a Lasagne vum Delhaize!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt eng Lasagne

Greenpeace-Protest virun der belscher Ambassade

Greenpeace-Protest virun der belscher Ambassade

Haut de Moien hu 6 AktivistInne vu Greenpeace, equipéiert mat engem Banner mat der Opschrëft „Nee zur geologescher Endlagerung vu radioaktiven Offäll“ virun der belscher Ambassade demonstréiert. Bei der Aktioun hu si symbolesch e puer Atomfässer opgestallt, déi wierke sollten, wéi wa se am Buedem versénken.

Um 12. Mee huet d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg bei enger Pressekonferenz iwwert d’Pläng vun der Belsch informéiert, datt si eventuell hir radioaktiv Offäll a geologesche Schichten un der Grenz zu Lëtzebuerg placéiere wëllen. Greenpeace kritiséiert, datt d’ONDRAF de Projet virgeschloen huet, ouni eng méiglech Alternativ opzeweisen. Et feelt un Informatiounen zur Ëmsetzung a Sécherheet, zu de laangfristege Käschten an den Auswierkungen op d’Ëmwelt.

Um 2. Juni 2020 huet Greenpeace, zesumme mat anere Lëtzebuerger Acteuren, en Avis ofginn. De Roger Spautz, Expert bei nukleare Froen, ënnersträicht, datt d’Endlagerung vu radioaktiven Offäll eng geféierlech Problemléisung ass. „An den Déiften ass et onméiglech, en Austrëtt vu radioaktivem Material ze geréieren.“ Bei engem Virfall kéint d’Lëtzebuerger Grondwaasser kontaminéiert ginn, wat katastrophal Folge fir eist Land mat sech brénge géif.

Greenpeace-Protest

Donieft veruerteelt Greenpeace de Fait, datt eng méiglech geologesch Plaz fir d’Endlagerung eréischt no 2.100 komplett funktiounsfäeg kéint sinn. Bis dohinner mussen d’Offäll sécher gelagert an eng Alternativ ausgeschafft ginn. De Roger Spautz erkläert, datt et heivir eng onofhängeg Bewäertung vu Fuerschungsaarbechten, sou wéi och Diskussiounen iwwert d’Prioritéite an de Budget misst ginn.

Aktuell ass d’Dréchelagerung an uewerierdeschen an uewerflächennoen Endlageren de klengste Problem. D’Tatsach, datt bal all Länner, déi Atommüll produzéieren, dëse weiderhi lageren, ass en Zeechen dofir, datt et fir dëse geféierlechen Offalal praktesch keng Alternativ gëtt“, sou de Roger Spautz.

Aus dësem Grond fuerdert d’Ëmweltschutzorganisatioun d’Lëtzebuerger Regierung op, Moossname géint de Projet zur geologescher Endlagerung vu radioaktiven Offäll an der Belsch, no un der Lëtzebuerger Grenz ze ergräifen. Dat selwecht gëllt och géint d’Verlängerung vun der Liewensdauer vun hire Reaktoren.

Related topics Aktivist, Atommüll, Avis, Belsch Ambassade, Endlagerung, Greenpeace-Protest, radioaktiv Offäll
Next post Previous post