Search

You may also like

Ass elo Schluss mat „Parler“?
Money Neiegkeeten

Ass elo Schluss mat „Parler“?

Nodeems Twitter a Facebook dem Donald Trump an enger Rei

Frankräich virum Lockdown
Money Neiegkeeten

Frankräich virum Lockdown

Um Freidegowend sinn am Frankräich 4.033 Covid19-Patienten op den Intensivstatioune

Zu Bréissel stoung d’Landwirtschaft am Virdergrond
Money Neiegkeeten

Zu Bréissel stoung d’Landwirtschaft am Virdergrond

Um Rot fir „Landwirtschaft a Fëscherei“ zu Bréissel, un deem

money

Green(washing) Finance: d‘Nohaltegkeetsfonge ginn hirem Numm net gerecht

Green(washing) Finance: d‘Nohaltegkeetsfonge ginn hirem Numm net gerecht

Sougenannten Nohaltegkeetsfonge leeden net méi Kapital an eng nohalteg Wirtschaft wéi konventionell Fongen. Dëst ass d’Resultat vun enger Etüd déi Greenpeace Lëtzebuerg a Schwäiz duerchgefouert hunn.

Greenpeace verurteelt dës Marketingspraktiken a fuerdert vun der Politik verbindlech Standarde fir Greenwashing ze bekämpfen an Nohaltegkeetsfongen an Aklang mat de Klimaziler vum Paräisser Klimaschutzofkommes ze bréngen.

D’Studie, déi 51 Nohaltegkeetsfongen ënnersicht huet, gouf vun der Schwäizer Nohaltegkeets-Ratingagentur Inrate am Optrag vu Greenpeace Lëtzebuerg a Schwäiz duerchgefouert.

Déi ënnersichte Fongen hunn et bal net gepackt, méi Kapital an eng nohalteg Wirtschaft ze leeden, wéi hierkëmmlech Fongen. Domat droen si net zur Bewältegung vun der Klimakris bäi an täuschen Investoren, déi hiert Geld verstäerkt an nohalteg Projeten investéiere wëllen. D’Resultater vun dëse Studie geheien déifgräifend Froen zu der Finanzplaz Lëtzebuerg op, deen als Kompetenzzentrum fir nohalteg Finanzen ugebuede gëtt.

“De Cliente gréng Finanzprodukter unzebidden – déi am Verglach zu reguläre Fongen – keng relevant Bäiträg zu enger nohalteger Entwécklung leeschten, ass Greenwashing”, seet d’Martina Holbach, Klima- a Finanz-Campaignerin bei Greenpeace Lëtzebuerg. “Net nëmmen, datt déi ënnersichten Nohaltegkeetsfongen tatsächlech net méi Kapital an nohalteg Entreprisen oder Aktivitéite fléisse léisst wéi konventionell Fongen. Andeem si sech ‘ESG’, ‘gréng’ oder ‘nohalteg’ nennen, vermëttelen si de Clienten, déi sech mat hiren Investitiounen e positiven Effekt op d’Ëmwelt erwaarden, eng falsch Virstellung.”

Déi analyséiert Fonge weise keng signifikant gerénger Kuelestoffintensitéit wéi regulär Fongen. Vergläicht een den „Environment, Social, and Corporate Governance (ESG) Impact Score“ vun Nohaltegkeetsfonge mat deem vu konventionelle Fongen, sou ass den éischten nëmmen 0,04 Punkte besser – ee marginalen Ënnerscheed. Och déi an der Etüd ënnersichten Investmentsusätz wéi “Best-in-Class”, klimabezunnen Themenfongen oder “Ausschlüsse” konnten net méi Geld an nohalteg Entreprisë bzw. Projete lenke wéi regulär Fongen.

Bei engem vun den ënnersichten ESG-Fongen, deen een niddregen Impact-Score vun 0,39 erhalen huet, war beispillsweis iwwer een Drëttel vum Kapitel (35%) a kritesch Aktivitéiten, wéi fossil Brennstoffer, klimaintensiven Transport oder Metallproduktioun investéiert. Dëst ass méiglech well Nohaltegkeetsfongen net verflicht sinn, eng moossbar positiv Wierkung ze erzielen, och wann hiren Titel ganz eendeiteg eng nohalteg oder ESG-Wierkung erzielt.

“Lëtzebuerg – de gréissten Investmentfongzentrum an Europa an den zweetgréisste vun der Welt – gëtt als féierend am Beräich vun den nohaltege Finanze gelueft”, erkläert d’Martina Holbach. “D’Finanzplaz brauch onbedéngt verléisslech Standarde fir nohalteg Investmenter, fir datt Nohaltegkeetsfongen, déi eng positiv Auswierkung op Gesellschaft an Ëmwelt verspriechen, dëser Verpflichtung och nokommen. Soss ass déi Lëtzebuerger Fongindustrie rechtleche Reputatiounsrisiken duerch Greenwashing ausgesat a riskéiert d’Vertraue vun Investoren ze verléieren.”

Greenpeace fuerdert d’Politik an d’Finanzopsiicht dozou op, ee Reglement anzeféiere fir Nohaltegkeet um Finanzmaart ze fërderen. Dozou gehéieren ëmfaassend Virgabe fir sougenannten nohalteg Investmentfongen, déi dës dozou verflichten, a wirtschaftlech Aktivitéiten ze investéieren, déi proaktiv an effektiv zum Strukturwandel bäidroen.

Obwuel d’EU viru kuerzem wichteg Ännerungen a Bezuch op nohalteg Finanzen ëmgesat huet, weist dësem Rechtskader Onzoulänglechleeten op, déi iwwerwonne musse ginn, fir déi gewënschte Resultater ze erzielen. Déi Lëtzebuerger Finanzplaz ka beim erreeche vun dësen Zieler eng entscheedend Roll spillen, allerdéngs nëmme wann en op Greenwashing zugonschte vu legitimmen nohaltege Finanzprodukter verzicht.

*matgedeelt vu Greenpeace, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Jessica Mersch

Annex: Sustainability Funds Hardly Direct Capital Towards Sustainability

Foto: © Sara Poza / Greenpeace Lëtzebuerg

Related topics Greenpeace, Greenwashing, Kapital, Nohaltegkeetsfongen, Transitioun, Wirtschaft
Next post Previous post