Search

You may also like

Eis Belsch Nopere maachen d‘Grenzen nees op
Kultur Neiegkeeten

Eis Belsch Nopere maachen d‘Grenzen nees op

An engem Communiqué huet déi Belsch Regierung bestätegt, datt zanter

De Streik am Frankräich bréngt e schwaarzen Dënschdeg
Kultur Neiegkeeten

De Streik am Frankräich bréngt e schwaarzen Dënschdeg

Nom Warnschoss vum 22. Mäerz geet et haut am Frankräich

money
Bertelsmann restrukturéiert d‘RTL-Grupp
Kultur Neiegkeeten

Bertelsmann restrukturéiert d‘RTL-Grupp

Net méi spéit wéi gëschter, huet Bertelsmann fir d‘RTL-Grupp e

Konferenz zum gregorianesche Gesang am Cube 521

Konferenz zum gregorianesche Gesang am Cube 521

Als Deel vum “Sonndeg vum Gregorianesche Gesang a Wierder” invitéiert de Cube 521 um 11. Oktober 2020 um 16:00 Auer op d’Konferenz “Gregorianesche Gesang: Vun den Urspréng bis haut” mam Olga Roudakova am Cube 521.

No enger russescher Museks-Ausbildung als Pianistin a Musekswëssenschaftlerin gouf dem Olga Roudakova den 1. Präis an der Gregorianesche Chouerdirektioun am Paräisser Conservatoire iwwerreecht.

Vun 1997 bis 2019 huet d’Olga Roudakova de Gregorianesche Chouer vu Paräis dirigéiert – Voix de femmes. Zousätzlech zu dëser Aktivitéit als Chouerdirektesch huet si sech op d’Fuerschung, Studien, Geschicht a Praxis vu gregorianesche Gesang a mëttelalterlech Musek spezialiséiert.

Si bedeelegt sech aktiv um Enseignement an Training am gregorianesche Gesang (Chouerdirigentin), an der Gregorianescher Chouerschoul zu Paräis an duerch vill Stagen, Masterclassen, Konferenzen, Reuniounen a Frankräich am Ausland.

Dës weideren ass déi talentéiert Damm Chouerdirektesch vum Gesangsensembel “Lux Cantus”, dee virun allem déi al musikalesch Traditioun a sengem natierlechen Ëmfeld, der Liturgie (erëm) liewe soll, an huet hiert geeschtlecht Heem an der Kierch St. Eustache vu Paräis.

Den Ensembel ënnersträicht d’Musikalitéit an d’Authentizitéit vum Gregorianesche Repertoire, bezitt sech op mëttelalterlech Quellen, traditionell Melodien an antik a modern Polyphonien.

Den Entrée ass gratis, seng Sëtzplaz muss een awer am viraus reservéieren.

Tel: + 352 521 521 
info@cube521.lu
www.cube521.lu

Related topics Cube 521, Evenement, Géigewart, Gregorianesche Gesang, Konferenz, Musek, Olga Roudakova, Reservatioun, Ursprong
Next post Previous post