Search

You may also like

De gratis ëffentlechen Transport feiert säin éischte Gebuertsdag
Neiegkeeten

De gratis ëffentlechen Transport feiert säin éischte Gebuertsdag

Tatsächlech ass et schonn zënter dem 29. Februar 2020 esou,

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 4)
Neiegkeeten

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 4)

Fir d’Period vum Confinement méi angenehm ze gestalten, schafft d’Ekipp

Christophe Hansen: Neiegkeeten zu der Plenarwoch
Neiegkeeten

Christophe Hansen: Neiegkeeten zu der Plenarwoch

Zu den EU Eegemëttel Nodeems d’Parlament schonn am September decidéiert

Gréiwemaacher: „Mir gi fir iech akafen!“

Gréiwemaacher: „Mir gi fir iech akafen!“

Et ass wuel net déi eenzeg Gemeng am Land, déi besonnesch hiren eelere Matbierger an dësen drolegen Zäite bäisteet, mee si gräift elo schonn emol op eng Mesure zou, déi de Seniore soll hëllefen, sech besser an dëser Situatioun erëmzefannen. Schonn Enn Oktober hat Gréiwemaacher ugekënnegt, sech ëm d‘Akeef fir déi eeler Generatioune këmmeren ze wëllen.

Gemengt sinn an dësem Fall d‘Awunner an der Gemeng déi 60 Joer oder méi hunn. D‘Akeef gi vun de kommunalen Agenten erleedegt, an de System ass esou einfach wéi e praktesch ass. Dat Ganz leeft a véier Etappen of, déi liicht verständlech an novollzéibar sinn:

  1. Als éischt gëllt et seng Akafslëscht virbereeden;
  2. da kann ee seng Commande um 75 03 11-1 (vu Méindes bis Freides tëscht 8 an 12 Auer) lassginn;
  3. geliwwert ginn d‘Bestellungen ëmmer Dënschdes a Freides;
  4. d‘Ofrechnung kënnt mat der Post.

WICHTEG!

D‘Gemeng Gréiwemaacher weist hei nach emol andrénglech drop hin, datt déi kommunal Agenten sech zu all Ament kënnen ausweisen, an dat si kee Boergeld unhuelen (dofir jo de Service mat enger schrëftlecher Rechnung).

Et gëtt dann och nach däitlech drop higewisen, datt déi bestallte Wueren ausschliisslech bei de Geschäfter vun der Stad Gréiwemaacher besuergt ginn. Et geet heibäi och an éischter Linn ëm Liewensmëttel an grondleeënden Hygiènesartikel.

An dësem Kontext sollt et och nach emol erlaabt sinn d‘Leit generell drop hinzeweisen, datt een iert ee seng Maus bei Amazon zum Klicke bréngt, de Site lëtzshop.lu ka besicht ginn. Do gitt dir gutt a gären zerwéiert, an dir stäipt de Lëtzebuerger Eenzelhandel.

Iwwerhaapt dierf sech jiddereen opgeruff fillen, mam Noper oder der Nopesch solidaresch ze sinn, besonnesch wann dës eeler Persoune sinn, déi nach net esou liicht mat den neien Technologien ëmginn. A wann ee scho Kommissioune muss maachen…

Illustratioun: © Markus Spiske / unsplash

Related topics Akafen, Covid19, Gréiwemaacher, Senioren, Solidaritéit
Next post Previous post