Search

You may also like

Editorial: Seet een esou senge Kollegen Äddi, Här Camora?
Meenung Neiegkeeten

Editorial: Seet een esou senge Kollegen Äddi, Här Camora?

Wärend de RAF Camora, zesumme mat sengem 187er Kolleg Bonez

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 8. November 2020
Meenung Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 8. November 2020

Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren

Rise for Climate – et bleift net méi vill Zäit!
Meenung Neiegkeeten

Rise for Climate – et bleift net méi vill Zäit!

Et bléiwen eis just 2 Joer fir radikal Moossname géint

Editorial: Den Dram vun engem grénge Kanzler

Editorial: Den Dram vun engem grénge Kanzler

Eis franséisch Noperen hu sech rezent derzou entscheet, d‘Lafzäit vun hiren Atomkraaftwierker op en neits ëm ee Joerzéngt ze verlängeren. D‘Grënn si séier opgezielt: den Ausbau vun de gréngen Energien (Solar, Wand a Waasserkraaft) gouf verpennt, de politesche Wëllen inexistent an si sinn eng Atommuecht. Zudeem heescht et, datt den Atomstroum zwar déidlech mee „klimaneutral“ ass.

Ganzer 13 dëser Atomkraaftwierker aus enger anerer Zäit, si zanter méi wéi 40 Joer am Betrib. De Bedreiwer „Electricité de France“ (EDF) ass eng Staatsentreprise, firwat d‘Regierung dann och an der Verantwortung ass. Déi franséisch Regierung, déi sech jo fir d‘Wuel vu senger Bevëlkerung, wéi och de Bierger an der Unioun asetzt, hält seng Atomkraaftwierker als sécher. Muss wuel sinn…

Et wier jo verréckt eng Lafzäitverlängerung ze beschléissen a gläichzäiteg „Bedenken“ ze äusseren. Bei den Noperen, hei an éischter Linn Däitschland, d‘Schwäiz an eist Lëtzebuerger Land, ass dës Ukënnegung vun der Lafzäitverlängerung net gutt ukomm, mee wierklech méi wéi kregéile geet natierlech net, ëmmerhin ass Frankräich eng vun de féierenden EU-Natiounen an huet Gewiicht.

Zu Lëtzebuerg, wou zwar de Staat sproochlech e Fransous ass, politesch versicht e Preis ze sinn a sech um Enn wéi e Belsch behëlt, veriergert déi franséisch Approche de grénge Koalitiounspartner. Et ass jo bekannt, datt virun „eiser Dier“ dat berüchtegt Atomkraaftwierk vu Cattenom mat all Dag wou et um Netz ass, eng reell Gefor fir Leif a Séil an der Regioun ass. D‘Wierk staamt vun 1986.

Dat soll elo bis mindestens 2036 weider bedriwwe ginn, wat dem Energieminister Claude Turmes géint de Stréch geet. Et ass och gewosst, datt de fréieren EU-Deputéierten säin Netzwierk versicht ze notzen, fir op EU-Niveau Matstreider ze fannen, déi sech mat him der franséischer Regierung entgéintstellen, an dës zu Vernonft brénge soll. Dat setzt villes viraus, an elo dierf gelaacht ginn.

Elo wësse mir net zu wéi enge Substanzen de Claude Turmes trotz Covid19-Pandemie Zougang huet, mee mir géifen es dovunner och gäre kréien. De Claude Turmes nämlech, ass der Meenung, datt et realistesch wier, datt „die Grünen“ an Däitschland, bei den nächste Bundestagswalen am Hierscht, d‘Haaptroll an der Koalitioun iwwerhuelen an de Kanzler stelle kéinten. Et ass kee Witz.

Dat beweist jo och schonn dat 2018 ausgeschafften nationaalt Gesetz, an deem d‘Responsabilitéit am Fall vun enger nuklearer Katastroph definéiert gëtt. Eng Aktioun déi strikt symbolescher Natur ass, an eigentlech net emol ee politeschen Notze mat sech bréngt. Eise Minister allerdéngs mengt, datt wann d‘Fransouse gewuer ginn, wat en „Accident“ u Folgekäschten huet, si géifen noginn.

Elo wou dann d‘Lafzäit vun den Atom-Ruinen ëm ee weidert Joerzéngt verlängert gouf, sollt een dem Minister soen, datt se sech zu Paräis dann elo awer net ëm eventuell Entschiedegunge fir déi verstraalte Bierger, am Fall vum Super-GAU, Suerge maachen. Zumindest net eeschthaft. Op elo d‘Lafzäitverlängerung vu Cattenom eis Bezéiungen impaktéiert? Net emol op politeschem Niveau.

Illustratioun: Walplakat vun „die Grünen/Bündnis 90“ vum Dezember 1990. Esoulaang gëtt scho vum Ausstig aus der Atomkraaft nogeduecht, am politeschen Europa. Leider huet d‘Atomlobby Milliarden ausginn et ze verhënneren, an dat ganz erfollegräich. D‘Atommafia – also d‘Bedreiwer – investéieren intelligenterweis a Marketing statt a Sécherheet, déi kee gesäit an iwwerbewäert ass.

Related topics Atomkraaft, Claude Turmes, Energiepolitik, Frankräich, Lafzäitverlängerung, Sécherheet
Next post Previous post