Search

You may also like

Elektresch Trottinett als Eko-Trend… a wat seet de Code de la Route?
International Neiegkeeten

Elektresch Trottinett als Eko-Trend… a wat seet de Code de la Route?

Den Hype ronderëm déi elektresch Trottinett impaktéiert scho gewalteg eis

Chamberwahlen: d‘CGFP huet de Parteien op den Zant gefillt
International Neiegkeeten

Chamberwahlen: d‘CGFP huet de Parteien op den Zant gefillt

Nom OGBL, deen um Dënschdeg seng Analys vun de Wahlprogrammer

Zum Pilotprojet a Schutzmoossnamen um Fluchhafen
International Neiegkeeten

Zum Pilotprojet a Schutzmoossnamen um Fluchhafen

No de Quarantänemoossnamen a Reesbeschränkunge vun de leschte Méint sinn

„Gréngen EU-Pass“ scho fir Juni?

„Gréngen EU-Pass“ scho fir Juni?

Mat der Aféierung vun engem sougenannten europäeschen Zertifikat, dee medial als „grénge Pass“ verkläert gëtt, soll et de Mënschen nees méi einfach gemaach ginn, sech am Schengenraum an och der Europäescher Unioun generell, nees méi onbeschwéiert ze deplacéieren. Zanter gëschter beréit déi europäesch Tripartite iwwer d‘Ëmsetzung.

EU-Rot, EU-Kommissioun am EU-Parlament, brennt et ënner de Fanger, dësen eppes a Kritik gerodenen Impfpass méiglechst Zäitno, spéitstens awer zur Vakanzesaison – déi jo den 21. Juni a ganz Europa ufänkt – virleien ze hunn. Dat ass an engem knappe Mount, an den Accord deen den Zertifikat offizialiséiere muss schwiereg hinzekréien. Et gëtt also nees mam Briecheisen hantéiert.

De Problem läit op der Hand, bezitt sech awer ausnamsweis net op déi perséinlech Interesse vun den Intervenanten, mee éischter op den Zäitraum. Et gëllt als geséchert, datt keng vun den an den Decisiounsprozess agebonne Säite géint den Zertifikat wäert virgoen an iergendwéi hu sech déi politesch Acteuren un Entscheedungen op de leschte Stëppel gewinnt. Si halen dat fir kredibel…

Gréngen EU-Pass

Si wäerten also zäiteg eng onzefriddestellend Eenegung erzilen, déi dann all EU-Sproochen (nee lëtzebuergesch ass keng Sprooch an Europa) muss iwwersat ginn, fir da Mëtt Juni iwwert den Text am EU-Rot an am EU-Parlament doriwwer ofzestëmmen. Egal wéi dësen Text sech dann awer wäert presentéieren, et wäert aus Grënn vun der Souveränitéit keng allgemeng gülteg Reegel ginn.

Woubäi sech awer nach ëmmer drop behaapt gëtt, datt de grénge Pass derzou féiere wäert de Chaos an dat Duerchenaner bei den ënnerschiddleche Mesuren an Aschränkungen ze beendegen. Dat also ouni datt de Länner hir Entscheedungsfräiheet, betreffend Grenzkontrollen a sanitäre Richtlinnen, unzegräifen. Zudeem gëtt weiderhi gestridden, wien dann d‘Tester déi weider lafen, bezuele soll.

Et huet och Länner déi eng Iwwergangsphas vu sechs Woche fuerderen, aner Länner sinn technesch guer net an der Lag sech fristgerecht der europäescher digitaler Passerell unzeschléissen. Bosseg: et ass net emol den Doktere vun eise „Vorsprung durch Technik“ Nopere méiglech, esou een digitalen Impfnowäis ze erstellen. An awer kënnt dëst Dokument a wäert och zweckbestëmmt agesat ginn.

mat indymedia/bru

Annex: Digital Green Certificate (factsheet)

Related topics Covid19-Zertifikat, EU-Kommissioun, EU-Parlament, EU-Rot, Memberlänner, QR-Code
Next post Previous post