Search

You may also like

Drénkwaasser schützen
Neiegkeeten

Drénkwaasser schützen

D‘Krunnewaasser als elementaart Liewensmëttel? Dat ass besonnesch wouer fir d‘Regioun

Gemengenautonomie a méi Demokratie? (Lieserbréif)
Neiegkeeten

Gemengenautonomie a méi Demokratie? (Lieserbréif)

Et ass dacks positiv wat an de Gemengen duerch déi

Editorial: Se sinn nach do!
Neiegkeeten

Editorial: Se sinn nach do!

Eigentlech wollte mir de Moien erwächen an de Feierdag notze

Teletravail a Sozialversécherung: Verlängerung vum Accord bis Juni 2021

Teletravail a Sozialversécherung: Verlängerung vum Accord bis Juni 2021

Am Kampf géint de Covid-19 bleift den Teletravail fir Residenten a Grenzgänger weiderhin en essentiellen Outil. Aus dësem Grond hu Lëtzebuerg a seng dräi Nopeschlänner decidéiert den Accord am Bezuch op d’Sozialversécherung bis den 30. Juni 2021 ze verlängeren.

Esou ginn fir d’Grenzgänger d’Deeg am Homeoffice net an d’Rechnung vum Gesetz vun der Sozialversécherung abezunn. Et soll verhënnert ginn, datt et zu Ännerungen bei der Affiliatioun kënnt wann déi gesetzlech virgeschriwwe Grenz vu 25% iwwerschratt gëtt. Méi konkret heescht dat, dass d’Grenzgänger am Homeoffice bis Juni 2021 vum Lëtzebuerger System profitéieren dierfen.

De Minister Romain Schneider weist sech houfreg iwwert dëse solidareschen Geste tëscht der Heemescht an den däitsche, belschen a franséischen Noperen. „D’Entreprisen an d’Employeuren kënnen en (den Teletravail) weiderhin notzen, ouni Ännerungen bei der Affiliatioun ze erliewen, wat onerwënscht Konsequenze fir de Versécherten an d’Entreprise verhënnert.“

Related topics Belsch, Däitschland, Grenzgänger, Romain Schneider, Sozialversécherung, Teletravail, Verlängerung
Next post Previous post