Search

You may also like

Fairtrade Lëtzebuerg: D’Aarbecht dréit Friichten!
Neiegkeeten

Fairtrade Lëtzebuerg: D’Aarbecht dréit Friichten!

Zënter bal 30 Joer kämpft Fairtrade fir eng gerecht Produktioun, vum

Brexit: Britescht Parlament hält um Chaos fest
Neiegkeeten

Brexit: Britescht Parlament hält um Chaos fest

Et ass, vun engem demokratesche Standpunkt hir betruecht, eng lëschteg

Keen „Eewee-Plastik“ zu Lëtzebuerg bis 2020
Neiegkeeten

Keen „Eewee-Plastik“ zu Lëtzebuerg bis 2020

Si gesinn sech als Partner: den Ëmweltministère an „Inspiring More

Grenzgänger a Chômage: Gëtt eis e geféierleche Paradigmewiessel operluecht?

Grenzgänger a Chômage: Gëtt eis e geféierleche Paradigmewiessel operluecht?

Schonn um Donneschdeg kann d‘Entscheedung falen, da misst Lëtzebuerg d‘Entschiedegung fir de Chômage, och bei de Grenzgänger iwwerhuelen. Wéi et ausgesäit, gëtt dat vu Bréissel aus entscheet an dem Aarbechtsminister Nicolas Schmit (LSAP) sinn esou a gewësser Manéier d‘Hänn gebonnen.

Woubäi den Nicolas Schmit wéinstens eng Hand fräi muss gehat hunn, well hie sech schrëftlech beim EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker beschwéiert huet. Mat der neier vu Bréissel aus diktéierter Reglementatioun, gëtt an Europa d‘Iwwernam vun der Entschiedegung am Fall vum Aarbechtsplazverloscht vu Grond op verännert. Eng Moossnam, déi eist Land schwéier trëfft.

A sengem Bréif vum 13. Juni stellt den Aarbechtsminister nach emol d‘Situatioun zu Lëtzebuerg duer, woubäi déi dem „fréiere Premierminister“ duerchaus dierft bekannt sinn. Aktuell also, gesäit d‘Gesetz vir, datt e Frontalier deen zu Lëtzebuerg seng Aarbecht verléiert, sech bei der zoustänneger Institutioun am Land wou hie residéiert aschreift.

Déi ass gehalen him net nëmme säi Chômagegeld auszebezuelen, mee muss sech drëms këmmeren, de „Client“ nees an den Aarbechtsmaart ze integréieren. Mee dat alles ass, wéi scho bemierkt, dem Jean Juncker bekannt, an et kann een de Versuch vum Nicolas Schmit wuel lueflech fannen, mee bewierken dierft en einfacht Schreiwes un den EU-Kommissiounspresident wéineg.

Eng onerwaarten Ënnerstëtzung

Mat der Bréisseler Propose, soll de Grenzgänger un d‘Gesetzer, vun deem Land an deem hie fir d‘Lescht geschafft huet, gebonne ginn. Dat bedeit, datt, wéi an eisem Fall, d‘ADEM dem Frontalier säi Chômagegeld muss ausbezuelen, hien als Client muss androen, an dësem och muss hëllefen eng nei Aarbechtsplaz ze fannen. Esou wéi dat fir all Resident vu Lëtzebuerg de Fall ass.

Woubäi et wichteg ass ze notéieren, datt déi betraffe Persoun muss e puer Konditiounen erfëllen. De Frontalier muss, fir en Usproch op Chômage zu Lëtzebuerg ze hunn, mindestens 12 Méint bei der CNS als Salarié oder net-Salarié ugemellt sinn. Déi bulgaresch Presidence schléit esouguer vir, dës Period op dräi Méint erofzesetzen. Eng fir den Aarbechtsminister onméiglech Fuerderung.

Kee Wonner deemno, datt de Nicolas Schmitt an de leschte Wochen all seng Kontakter spille gelooss huet, fir dëser neier Direktiv entgéintzewierken. Erstaunlech heibäi, datt den Nicolas Schmit op d‘Ënnerstëtzung vun de Vertrieder vun de Frontalieren ziele kann. Déi gesinn nämlech och kee Grond, firwat den aktuelle System net sollt bäibehale ginn.

Administrativ problematesch

Mam aktuelle System ass et esou, datt Lëtzebuerg deem Land d‘Indemnitéit vun den éischten dräi rembourséiert, an dem de Frontalier wunnt, deen zu Lëtzebuerg seng Aarbecht verluer huet. Mee d‘ADEM ass net gehalen dem Frontalier ze hëllefen eng nei Schaff ze fannen. Och soss, muss sech Lëtzebuerg net „administrativ“ ëm den Chômeur, deen net zu Lëtzebuerg wunnt, këmmeren.

Heizou den Aarbechtsminister: „Dës Aart a Weis virzegoen, garantéiert eng ausbalancéiert Opdeelung vun der finanzieller Belaaschtung, a verhënnert gläichzäiteg datt de Frontalier ënnerschiddlech Uspriechpartner erhält, an duerch eng Abberzuel un administrative Prozedure géintiwwer dem aktuelle System benodeelegt gëtt“.

Mee de Nicolas Schmit huet dem EU-Kommissiounspresident och e Kompromëss virgeschloen. Esou kann sech den Aarbechtsminister virstellen, datt Lëtzebuerg de „Remboursement“ op fënnef Méint ausdehnt. Dat géif den Ufuerderungen déi eis Nopeschlänner hunn, gerecht, ouni dat de Lëtzebuerger System duerch den Agrëff vu Bréissel géif a Fro gestallt ginn.

86 Milliounen Euro

Wann ee berécksiichtegt, datt zu Lëtzebuerg déi „aktiv Bevëlkerung“ vun 43% Frontaliere gestëtzt gëtt, da gesäit ee séier wou déi vu Bréissel intentionéiert Reguléierung kann hiféieren. Wann also Lëtzebuerg zu 100% muss d‘Laascht vun der Chômageindemnitéit droen, da gëtt de Sozialsystem a Gefor bruecht. Et ass och net ersiichtlech, wéi dat Administrativ ze bewältegen ass.

Dozou de Nicolas Schmit: „Ganz Ofgesi vun de finanzielle Käschten (de Minister geet vu 86 Milliounen Euro am Joer aus) déi dat ganzt fir Lëtzebuerg bréngt, hei kënnt eng zousätzlech administrativ Belaaschtung op d‘ADEM duer – well sech d‘Zuel vun de Chômeuren iwwer Nuecht géif verduebelen – déi esou net ze leeschten si amstand ass“.

All d‘Efforten déi an de leschte siwe Joer gemaach goufe fir d‘ADEM méi Effikass ze maachen, wiere verluere Méi gewiescht. Den Aarbechtsminister weist a sengem Schreiwes un de Jean-Claude Juncker hin, datt dëse Paradigmewiessel sech zugläich och um nationale Sozialsystem vergräift. Hei géif de Fonctionnement vum ëffentleche Service aus den Aangele gehuewe ginn.

Lëtzebuerg stellt Konditiounen

Am Fall wou d‘EU d‘Awänn vu Lëtzebuerg net behäerzegt, da wëll een awer e puer Konditioune stellen dierfen. Als éischt gëtt verlaangt, datt net um Zäitraum vun 12 Méint Affiliatioun gefréckelt gëtt. Sollt et net ze ëmgoe sinn, misst Bréissel Lëtzebuerg eng Iwwergangszäit vu siwe Joer zougestoen. Zäit déi noutwenneg wier, fir d‘ADEM entspriechend nei ze organiséieren.

Ëmmerhin, an dat sollt och den Eurokraten aliichten, misst sech d‘ADEM mat enger den neien Ufuerderungen entspriechender Unzuel u Beamten ausstafféieren. Et wier ënnert den aktuellen Ëmstänn net méiglech sech de strukturellen Erausfuerderungen, déi esou eng Reglementéierung mat sech bréngt, ze stellen.

De Nicolas Schmit weist dann och nach drop hin, datt och wann et dem Land geléngt déi Efforten ze maachen, de neie System weider Gefore mat sech bréngt. Hei géif dem Abus den rouden Teppech ausgeluecht, vu datt et keng Modalitéite gëtt, déi eng administrativ Zesummenaarbecht juristesch ofséchert. Et géif zudeem de Grenzgänger Zougang zum Aarbechtsmaart erschwéieren.

Foto: Bréissel wëll e Paradigmewiessel bei der Iwwernam vun de Grenzgänger déi zu Lëtzebuerg hir Aarbecht verléieren aféieren. Dat ass finanziell wéi personell net ze maachen, seet de Nicolas Schmit, am Hibléck op de Fait, datt 43% vun de Leit déi zu Lëtzebuerg schaffen, aus der Grenzregioun kommen.

Related topics ADEM, EU-Kommissioun, Frontalier, Grenzgänger, Jean-Claude Juncker, Nicolas Schmit
Next post Previous post