Search

You may also like

Ankara iwwerleet sech eng Äntwert op d‘US-Sanktiounen
Neiegkeeten WTF

Ankara iwwerleet sech eng Äntwert op d‘US-Sanktiounen

Nodeems Washington géint zwee tierkesch Minister Sanktiounen imposéiert huet –

Déi siwent Editioun vum EDI – Infomagasinn fir Elteren ass do
Neiegkeeten WTF

Déi siwent Editioun vum EDI – Infomagasinn fir Elteren ass do

An dëser Ausgab vum EDI – Infomagasinn fir Elteren geet

Dat osmanescht Räich huet en neie Géigner
Neiegkeeten WTF

Dat osmanescht Räich huet en neie Géigner

Déi tierkesch Regierung mat engem reliéis verblennte Sultan un hirer

surprise

Grenzgänger mat neier Fiskalitéit konfrontéiert

Grenzgänger mat neier Fiskalitéit konfrontéiert

Mat der Steierreform ännert sech net nëmme villes fir de Salarié deen zu Lëtzebuerg wunnt, och d‘Grenzgänger mussen sech op nei Formalitéiten astellen. Besonnesch betraff déi Grenzgänger, déi bestuet sinn oder d‘Pensioun vu Lëtzebuerg bezéien. Fir datt och jiddereen de betraff ass dat matkritt huet d‘Steierverwaltung Bréiwer verschéckt.

Déi ganz Reform trëtt wuel eréischt den 1. Januar a Kraaft, mee et muss elo scho méiglech sinn de Steiersaz fir déi Betraffe festzeleeën. Laut dem Text, hu bestueten oder an enger agedroener Partnerschaft liewend Grenzgänger, wann se zu Lëtzebuerg op mannst 90% (fir déi Belsch sinn et 50% NvdR) vum Akommes bezéien, den Usproch an der Steierklass 2 besteiert ze ginn.

Am Kloertext: d‘Akommes vu béide Partner, egal wou et erwirtschaft gëtt, gëtt berécksiichtegt fir de Steiersaz ze ermëttelen. De But vun dëser Mesure ass, d‘Reegele vun de Residenten an de Grenzgänger unenaner unzepassen. Virun der Reform war d‘Akommes wat ausserhalb vu Lëtzebuerg generéiert ginn ass, net an fir d‘ermëttele vum Steiersaz berécksiichtegt ginn.

Op Zesummenaarbecht ugewisen

Well net fir all d‘Grenzgänger vollstänneg Informatioune virleien, muss d‘Steierverwaltung elo eng 150.000 Bréiwer un déi Betraffe verschécken. Déi sinn jee no Land entweder op däitsch oder franséisch. A ville Fäll schléit d‘Steierverwaltung schonn an dësem Schreiwen e Steiersaz vir. An wien dann esou e Schreiwes kritt, deet gutt drun drop ze reagéieren.

Ass de Steiersaz dee vun der Steierverwaltung „virgeschloe“ gëtt akzeptabel, kann ee sech mat engem Code deen am Bréif enthalen ass op www.guichet.lu umellen, an de Krop op der richteger Plaz maachen. Wann een der Meenung ass, datt de Steiersaz net richteg ermëttelt ginn ass, kann een op där selwechter Säit weider Informatiounen aginn. Dat gëllt awer och ganz besonnesch dann, wa vun der Steierverwaltung kee Steiersaz uginn ass. An natierlech kann een de Bréif och an de „ronnen“ Dossier leeën, woubäi een dann automatesch an der Steierklass 1 lant.

Bestuete Grenzgänger kënnen esou wielen tëscht der „Imposition collective“, der „Imposition individuelle pure“ oder der „Imposition avec réallocation“. Wéi eng elo déi bescht ass, muss jidderee fir sech erausfannen.

Net einfach awer gerecht

Well villes net kloer bis onverständlech war, an och d‘Gewerkschaften d‘Prozedur kritiséiert hat, ass nogebessert ginn. Bezunn op déi 10% déi de Grenzgänger am Ausland zousätzlech als Akommes bezéien dierf, fir net aus der Steierklass 2 erauszefalen, muss uecht gedoe ginn. Déi sinn nämlech schnell erreecht.

Et ka schonn duergoen, datt een a senger Heemecht en Deel vu senger Pensioun kritt. Geséchert ass awer, datt esou laang wéi de Plafong vun 13.000 Euro/Joer net iwwerschratt gëtt, den Usproch op d‘Steierklass 2 erhale bleift. Elo sollt een dann de leschten Termin, deen op den 30. Oktober festgeluecht ginn ass, net verpassen.

Related topics Grenzgänger, Steierrefrom
Next post Previous post