Search

You may also like

Ee Waasserstoff-Reseau fir d‘Groussregioun
Neiegkeeten

Ee Waasserstoff-Reseau fir d‘Groussregioun

ENCEVO Lëtzebuerg mat senge Filiale CREOS Deutschland GmbH a GRTgaz

Moria-Aktioun: En Häerz fir d’Mënschen op der Insel Lesbos
Neiegkeeten

Moria-Aktioun: En Häerz fir d’Mënschen op der Insel Lesbos

Ufank September 2020 huet e Feier d’Flüchtlingslager Moria op der

Post fir den Ausseminister
Neiegkeeten

Post fir den Ausseminister

Bréiwer, déi op de soziale Medie kurséieren, sinn net seelen.

Grenziwwerschreidend Regierungskritik

Grenziwwerschreidend Regierungskritik

Nodeems d‘Gesondheetsministesch nees an de Fokus vun der Kritik säitens der Oppositioun an och dem saarlännesche Ministerpresident Tobias Hans (CDU) geroden ass, huet si missen intervenéieren an déi am neie modifizéierte Covid19-Gesetz nach emol verdeedegt.

An dësem Kontext bitt et sech un nach emol op d‘Eckdaten anzegoen: tëscht dem 28. Dezember 2020 an dem 3. Januar 2021 gouf et eng signifikativ Baisse vun den Neiinfektioune géintiwwer dem Zäitraum 21. bis 27. Dezember 2020 (-11%). Den Duerchschnëttsalter vun de positiv geteste Leit ass vun 41 op 38 Joer erofgaangen an déi sougenannten Inzidenz vun 202 op 181 zréckgaangen.

Klengt net verkéiert, woubäi dat ganzt en Hoken huet an och duerchaus der Fraktiounspresidentin vun der CSV, Martine Hansen, wéi dem CDU-Politiker am Saarland, Tobias Hans, Ugrëffsfläch bitt, wann d‘Ministesch selwer drop hiweist, datt déi lescht Zuelen net aussokräfteg sinn, well jo iwwer d‘Feierdeeg wesentlech manner Persoune getest goufen (21.bis 27.12. waren et ronn 50.000 Tester géintiwwer dem 21.12. bis 03.01. wou et ronn 34.000 Tester ginn hat).

Elo heescht dann zur Erklärung am Bezuch op d‘Analys vun den Zuelen, datt een am Ministère derzou tendéiert méi Wochen zesummen op de Leescht ze huelen. Hei gouf sech op d‘Entwécklung vun de leschten dräi Woche baséiert, fir déi Mesuren, esou wéi se am neie modifizéierte Covid19-Gesetz festgeluecht ginn, auszeschaffen. An dësem goufen awer och Lackerunge berécksiichtegt.

Natierlech hunn och d‘CSV an déi politesch verantwortlech am Saarland Versteesdemech, datt et iwwert d‘Feierdeeg eppes méi komplex ass, optiméiert Zuele virweisen ze kënnen. Besonnesch den Tobias Hans, dee seng Daten nach per Fax iwwermëttelt kritt, weess wat domadder gemengt ass. Anersäits sollt een, grad well vill Leit och an d‘Ausland gereest sinn, et méi „Kontakter“ hei heem ginn huet, an e brittesche Mutant ënnerwee ass, virsiichteg bleiwen.

Wärend ronderëm eis, all d‘Länner hir Mesure verschäerfen, maache mir nees alles op. Dat kann a muss net jidderengem gefalen, mee et ass déi Decisioun déi d‘Regierung an ee Gesetz agebaut huet an dat wäert esou och vun der Koalitiounsmajoritéit ugeholl ginn. Ob et eng falsch Decisioun ass, datt léist sech awer net viraussoen. A sollt deem schlussendlech esou sinn, geet nees reagéiert…

Illustratioun © De an Sun / unsplash

Related topics CDU, Covid19-Gesetz, CSV-Fraktioun, Martine Hansen, Paulette Lenert, Saarland, Tobias Hans
Next post Previous post