Search

You may also like

What the Fakt – Haut ass den Dag vun der Rous!
Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass den Dag vun der Rous!

Um haitegen Dag kritt „duerch d’Blumm schwätzen“ eng nei Bedeitung.

Ëmfro zum Confinement: Dat halen eis Bierger vun der aktueller Situatioun
Neiegkeeten

Ëmfro zum Confinement: Dat halen eis Bierger vun der aktueller Situatioun

Net nëmme Politiker sollten zur Zäit vum Confinement zu Wuert

money
D‘Haus vun der Bio-Gesondheet wiisst weider
Neiegkeeten

D‘Haus vun der Bio-Gesondheet wiisst weider

Um Belval sollen dem Haus vun der Bio-Gesondheet nach an

Grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht

Grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht

Lëtzebuerg ass d‘Häerz vun der Groussregioun an iergendwéi och de Wirtschaftsmotor vun dëser. Besonnesch am noe Grenzberäich hunn d‘Politiker, virun allem um kommunalen Niveau verstanen, datt et besser ze kooperéieren, wéi sech géigesäiteg op d‘Féiss ze trëppelen.

An dat et geet, oder zumindest versicht gëtt, léist sech jo um Beispill vun der „Ecocité Micheville“, déi aner Säit vun Esch-Belval demonstréieren. Hei hu sech d‘Gemengen Esch-Uelzecht an Däitsch-Oth op eng Kooperatioun verstännege kënnen, déi net nëmmen de Grenzgänger, also déi wou hire Liewensënnerhalt zu Lëtzebuerg verdéngen, mee allen Awunner méi Liewensqualitéit versprécht.

Och aner Grenzstied uechtert d‘Land ënnerhale besonnesch Bezéiungen zu hiren direkten Noperen, an och de Projet Quattropole an/oder d‘Aktivitéite vun „Haus vun der Groussregioun“ bezeien sech op ee bessert Zesummeliewen iwwert d‘Grenzen ewech. Dat wäerten sech d‘Gemengepappe vu Longsduerf (Longlaville) gutt iwwerluecht hunn, firwat si un déi Péitenger erugetruede sinn.

Wirtschaftlech Interessen

Longsduerf wiisst natierlech duerch d‘Entwécklung vun de wirtschaftlechen Aktivitéiten an hirem Grenzberäich mat. Dat esouwuel ekonomesch wéi demographesch, firwat et duerchaus sënnvoll ass sech mat de Lëtzebuerger Noperen ze concertéieren. Zu Longsduerf hu se sech virgeholl endlech de Stadzentrum ze erneieren. Dës Aarbechte sollte bis Enn 2023, Ufank 2024 ofgeschloss sinn.

Net wäit vun der Grenz, op enger Brochfläch geleeën un der Bodgan-Politanski Avenue, wëllen d‘Fransousen ee gréissere Wunnprojet, mat Geschäfter an Déngschtleeschtungen erstellen. Den Opruff fir dëse Projet – bei enger Fläch vun 1,5 Hektar – soll nach dëse Mount gemaach ginn. Aus dëser Broch, esou de Buergermeeschter Hamdi Toudma, soll den neie Stadzentrum erwuessen.

Dëse „Stadzentrum“ wëllen déi Longsdrefer mat Réideng (Rodange) a senger Gar verbannen. Zu dësem Zweck sollen d‘Vëlospist an de Foussgängerwee ausgebaut ginn. Zum Wunnraum deen hei entstoe soll: dat solle „Qualitéitswunnenge“ fir Famillje ginn. Et soll vill „Gréngs“ ginn, an den Hamdi Toudma ass iwwerzeegt, datt dëse Projet och vill Lëtzebuerger dierft unzéien.

Illustratioun: © Nick Fewings / unsplash

Related topics Hamdi Toudma, Kooperatioun, Longsduerf, Péiteng, Réideng
Next post Previous post