Search

You may also like

Rotondes: Den offizielle Programm bis de 6. Juni
International Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis de 6. Juni

Vu Musek a Konscht, iwwert Atelieren a Workshops, bis hin

surprise
Medie gi kloer iwwerbewäert
International Neiegkeeten

Medie gi kloer iwwerbewäert

Et ass sech säitens de Medie scho vill iwwert d‘Kommunikatiounsstrategie

Editorial: Wat d‘USA wierklech am Venezuela wëllen
International Neiegkeeten

Editorial: Wat d‘USA wierklech am Venezuela wëllen

Beim Kampf ëm d‘Muecht am Venezuela, steet fir d‘USA vill

Schwedesch Klima-Knetzel gräift an den US-Wahlkampf an

Schwedesch Klima-Knetzel gräift an den US-Wahlkampf an

Dem Donald Trump säin demokratesche Kontrahent kritt Ënnerstëtzung vun onerwaarter Säit. Op Twitter huet d‘Greta Thunberg d‘Amerikaner opgeruff den Joe Biden ze wielen. Ass et ee Fauxpas oder ee respektabele Positionnement?

„Ech beschäftege mech ni mat Parteipolitik, mee déi bevirstoend US-Wahle ginn doriwwer eraus. Aus der Siicht vum Klima ass bis ewell vill ze wéineg ënnerholl a vill vun iech hunn natierlech aner Kandidaten ënnerstëtzt. Mee ech mengen… weess de… verdammt! Organiséiert iech einfach a bréngt se all derzou de Biden ze wielen“, esou d‘Greta Thunberg op Twitter.

Donald

Den Donald Trump verleegent de Klimawandel an huet d‘USA aus dem Paräisser Klimaofkommes erausgefouert. Wärend den Amtsinhaber d‘Energiehiersteller an d‘Automobilindustrie vum Ëmweltschutzoplage befreie wëll, versprécht de Joe Biden sengersäits, als President vun Amerika, fir en ëmweltgerechten Ëmbau vun der amerikanescher Infrastruktur op de Wee ze bréngen.

Richteg ass allerdéngs och, dat de Milliardär an d‘Fridays for Future Aktivistin esou wierklech guer näischt gemeng hunn. Wéi d‘Greta Thunberg 2019 vum Time Magazine zur Persoun vum Joer ernannt gouf, huet den onmanéierleche wäisse Mann zu Washington d‘Knetzel verspott. Op Twitter huet hie geschriwwen et misst u senger Aggressiounsbewältegung schaffen an sech da mat engem Frënd gudden almoudesche Film ukucken.

Donald

Och dem Greta Thunberg seng Ried um Klimasommet vun de Vereenten Natiounen, gouf vum nach US-President sarkastesch kommentéiert. Déi jonk Klimaaktivistin hat de féierende Politiker zu New York ee seriéise Mangel un Engagement fir de Klima virgeworf a si gefrot: „Wéi kënnt dir et woen?“ Eng aus Klimasiicht berechtegt Fro, déi als Statement an d‘Geschichtsbicher hir Plaz huet.

Et ass dann och net méi vun der Hand ze weisen, datt säi Streik fir de Klima virum schwedesche Parlament 2018 eng global Protestbeweegung – déi haut als Fridays for Future alle Mënschen op der Welt bekannt ass – ausgeléist huet. An d‘Knetzel ass besonnesch bei de jonke Generatioune mega beléift. Si kéint schonn derzou bäidroen, datt méi jonk Amerikaner wiele ginn.

Den Zäitpunkt fir dem Greta Thunberg säi Message ass zudeem och gutt gewielt. Den Donald Trump, dee sech grad vun enger liichter Gripp erholl huet, sollt jo de 15. Oktober zu Nashville (Tennessee) den zweeten TV-Duell mam Joe Biden féieren, wat awer no eppes Gedeessems sengersäits vun der Wahlkommissioun ofgesot ginn. Ob zum Debat, dee fir den 22. Oktober virgesinn ass? Den Ament jiddefalls steet dësen TV-Duell nach um Programm…

mat indymedia/nyc

Illustratioun: „Dommheet kann s de net flécken; mee du kanns dergéint stëmmen“, esou steet et hei um Panneau deen d‘Fra zu Denton (USA) de Leit als Wahlrecommandatioun mat op de Wee gëtt. A wann d‘Greta tatsächlech sollt d‘Jugend zur Wahlbedeelegung motivéiert kritt, kéint dëse Sproch a groussem Mooss ëmgesat ginn. © Heather Mount / unsplash

Related topics Donadl Trump, Greta Thunberg, Joe Biden, Klimaaktivistin, US-Wahlkampf 2020
Next post Previous post