Search

You may also like

Regierung an Nationalarchive gënnen sech eng Konventioun
International Neiegkeeten

Regierung an Nationalarchive gënnen sech eng Konventioun

En Dënschdeg hunn de Kommunikatiounsminister Xavier Bettel (DP) an d‘Direktesch

D‘NATO huet en neie Wiechter
International Neiegkeeten

D‘NATO huet en neie Wiechter

De virechten Ausseminister a säi Chef, haten net nëmmen d‘Weltwirtschaft

Impeachment: Den US-President huet kee Bock op Unhéierungen
International Neiegkeeten

Impeachment: Den US-President huet kee Bock op Unhéierungen

An engem Bréif un de Virsëtzende vum Justizausschoss vum Representantenhaus,

Griicheland muss oprëschten

De Konflikt tëscht Athen an Ankara spëtzt sech zou an d‘Waffelobby reift sech d‘Hänn

Griicheland muss oprëschten

Am Sträit ëm d‘Limitte vun der Souveränitéit an den Uspréch op d‘Äerdgasvirkommen an der Ägäis, wou d‘Tierkei säi Festlandsockel an d‘Gespréich bruecht huet, an seng „Fuerschung“ am Mëttelmier duerch d‘Marine ofséchert, ginn d‘Griiche vun de Fransousen ënnerstëtzt. Athen wëll déi eegen Truppen elo personell a materiell oprëschten.

De griichesche Ministerpresident Kyriakos Mitsotakis huet gëschter ugekënnegt, datt säi Land nieft 18 Kampffliger vum Typ Rafale, och Helikopter a Fregatte vun de Fransouse kafe wäert. Zudeem solle bis 15.000 Zaldote rekrutéiert an d‘Verdeedegungsindustrie gestäerkt ginn. Et ass eng Annonce déi zu Ankara direkt eng appropriéiert Äntwert ervirgeruff huet. De Sultan hëlt dat perséinlech…

Esou huet de Recep Tayyip Erdogan d‘Griichen an d‘Fransouse gläichermoosse virdru gewarnt sech mam tierkesche Vollek unzeleeën. De Kyriakos Mitsotakis hält dergéint a behaapt sech drop, datt d‘Tierkei d‘Ostgrenz vun Europa géif bedreeën. Anersäits kann dës Oprëschtungsinitiativ derzou bäidroen, dausenden Aarbechtsplazen ze schafen. Detailer soll et schonn um haitege Sonndeg ginn.

De Sträit ëm d‘Ressource betrëfft och d‘EU

Mat der Entdeckung vu räichen Äerdgasvirkommen am orientalesche Mëttelmier, ass och de Begier erwächt ginn. D‘Tierkei, Griicheland an Zypern beusprochen dës Quelle fir sech, an Ankara schéngt decidéiert d‘Muskele spillen ze loossen. Elo stinn sech d‘Krichsschëffer vun den NATO-Partner géinteniwwer. Frankräich huet seng Marinepresenz un der Säit vun de Griichen elo och verstäerkt.

Griicheland

De Kampffliger Rafale „B“ am Asaz wärend der Operatioun Serval (Mali) 2013 – Cpt. Jason Smith (Public Domain)

Am Frankräich ass ee wuel net begeeschtert iwwert d‘Gestreits tëscht NATO-Partner, mee et geet jo a gewësser Weis och ëm d‘Interesse vun der Europäescher Unioun. Zudeem mécht déi franséisch Verdeedegungsministesch Florence Parly ee ganz zefriddent Gesiicht. Si begréisst den Deal, wat verständlech ass, et ass nämlech déi éischte Kéier datt en EU-Land ee Rafale-Kampffliger keeft.

Washington ass zimmlech genervt

De Stress an de schwelende Konflikt tëscht den NATO-Partner geet och den Amerikaner zimmlech géint de Stréch. Bei Gespréicher op Zypern huet den US-Ausseminister Mike Pompeo d‘Tierken opgefuerdert hir Aktivitéiten am ëstleche Mëttelmier anzestellen. Et wier een zu Washington héchst beonrouegt, wéi Ankara seng Operatiounen zur Erkundung vun den erhofften Äerdgasvirkomme géif virhuelen. Och déi vun Ankara beusprochte Geriichtsbarkeet, kéint een esou net guttheeschen.

Nom Treffe mam President vun der Republik Zypern, Nicos Anastasiades an dem Ausseminister Nicos Christodoulides sot den Amerikaner: „Erhéicht militäresch Spannungen hëllefe kengem ausser de Géigner, déi sech eng Spaltung vun der transatlantescher Eenheet wënschen“. De Mike Pompeo huet all déi an dësem Imbroglio verfaange Parteien opgeruff, dat am Dialog ze léisen.

mat indymedia/ath

Foto: Tim Felce (Airwolfhound) – Rafale Riat 2009 (cc by-sa 2.0)

Related topics Äerdgasvirkommen, Agäis, Frankräich, Fregatten, Griicheland, Helikopter, Kampffliger, Mëttelmier, Rafale, Tierkei
Next post Previous post