Search

You may also like

Vläicht sollt een dat Kraut einfach hei ubauen…
International Neiegkeeten

Vläicht sollt een dat Kraut einfach hei ubauen…

Den 20. Mee hat den LSAP-Deputéierten a President vun der

Chemnitz: Rietsextremisten op Mënschejuegd
International Neiegkeeten

Chemnitz: Rietsextremisten op Mënschejuegd

E sëlleche Leit sinn e Méindeg zu Chemnitz (Ost-Däitschland), bei

Gusty Bausch hëlt de Mountainbike-Titel souverän
International Neiegkeeten

Gusty Bausch hëlt de Mountainbike-Titel souverän

D‘Editioun 2017 vun der Mountainbike-Landesmeeschterschaft um Bruch, war, et kann

Griicheland am Streik: d‘Gewerkschafte kämpfen ëm d‘Streikrecht

Griicheland am Streik: d‘Gewerkschafte kämpfen ëm d‘Streikrecht

Esouwuel am Privatsecteur wéi am ëffentlechen Déngscht, ass um Donneschdeg a Griicheland, 24 Stonne laang gestreikt ginn. Den Appell haten d‘Gewerkschafte lancéiert, fir sech engem Gesetz entgéintzestellen, dat d‘Streikrecht wëll a Fro stellen. Bei dëser Geleeënheet ass dann och géint d‘Austeritéitspolitik protestéiert ginn.

An et ass och massiv deelgeholl ginn. Den ëffentlechen Déngscht war zesummegebrach an den ëffentlechen Transport, Urban, Maritim mee och an der Loft war staark behënnert. A wéi et esou bei engem Generalstreik ass, war dann och op de Stroosse kee virukomme méiglech. Tëscht Kontinental-Griicheland an den Inselen ass wéinst dem Appell vun der Gewerkschaft vun de Matrousen (PNO) guer näischt gaangen.

Och d‘Gewerkschafte vun der Press an den audiovisuelle Medien haten en Donneschdeg matgestreikt. Keng Zeitung, kee Bulletin… näischt esou iwwer de ganzen Dag ewech. D‘Aarbechterfront (Pame) eng Gewerkschaft déi der kommunistescher Partei nosteet, huet dann och am fréie Moien de grousse Bal vun de Manifestatiounen am Zentrum vun Athen opgemaach.

Jiddereen huet matgemaach

Versammlungen, Defiléen a Manifestatiounen déi den Appelle vum Public „Adedy“ an dem Privaten „GSEE“ huet et zu Athen an zu Thessaloniki ginn. Aktiounen déi massiv vun de Leit begleet goufen an eng grouss symbolesch Wierkung haten.

„D‘Aarbechter manifestéieren a streiken als Reaktioun op déi „antisalarial“ Politik an enger Steiererhéijung, wéi se am Budgets-Projet 2018 virgesinn ass, an och nach dëser Deeg soll am Parlament gestëmmt ginn“, esou de Communiqué vun der GSEE, der Konfederatioun vun de Salariéen aus dem Privatsecteur. „Mir si géint all Mesure, déi zur Konsequenz d‘Hausse vum Chômage, de Recycling vun der Austeritéit an d‘staatlech Interventioun an d‘kollektiv Rechter hunn.“

Ënnert dem Diktat vun de Creanciere vum Land, EU an IMF, huet déi lénk Regierung vum Alexis Tsipras rezent e Gesetzprojet ausgeschafft, dee d‘Streikrecht reforméiere soll. Esou gëtt hei eng bedeitend méi grousse Quote bei den Entscheedungen zum Streik vun de Gewerkschafte virgesinn. Do ass awer opgrond dem Gestreits schonn en Amendement virgesinn, verséchert den Aarbechtsminister.

Geld géint Reformen

Enn November haten d‘Vertrieder vun de Creancieren en Accord mat der Regierung geschloss, déi sech der „drëtter Revue“ vun de Konten ugeholl huet an eng ganz Rëtsch „Reformen um Aarbechtsmaart fuerdert, mee och eng Evaluatioun vun de Beamte wëll hunn“, dat mam Zil eng besser Leeschtung am ëffentlechen Déngscht ze bidden.

Dësen Accord soll am Januar eng nei Tranche vun den internationale Kreditter deblockéieren. Suen déi Griicheland nach ëmmer brauch, och wann ee sech zu Athen Hoffnung mécht, bis August 2018, aus der Momper vun de Creancieren erauszekommen.

mat AFP

Foto: Eng Schouljoffer als Kleesche verkleet huet sech mat villen anere géint Reforme vum Streikrecht agesat. © Louisa Gouliamaki/AFP

Related topics Alexis Tsipras, Griicheland, Streik
Next post Previous post