Search

You may also like

Fukushima: Japanesch Regierung bedreift e knaschtegt Spill
International Kultur Neiegkeeten

Fukushima: Japanesch Regierung bedreift e knaschtegt Spill

Greenpeace Japan huett e Méindeg matgedeelt, datt déi japanesch Regierung

Die Lieferantin vum Zoë Beck liwwert eng realistesch an erschreckend Zukunftsvisioun
International Kultur Neiegkeeten

Die Lieferantin vum Zoë Beck liwwert eng realistesch an erschreckend Zukunftsvisioun

D’Zoë Beck, gebuer 1975, schreift, iwwersetzt a leet zesummen mam

No Pessah an Ouschteren, kënnt de Ramadan
International Kultur Neiegkeeten

No Pessah an Ouschteren, kënnt de Ramadan

Et ass mat dat gréisste reliéist Fest vun der musulmanescher

Grimme-Präis 2019: Fënnef Auszeechnungen un d’Désirée Nosbusch a Bad Banks!

De Grimme-Präis zielt zu de renomméiertsten Auszeechnunge fir Fernsehsendungen an Däitschland an ass nom éischte Generaldirekter vum Nordwestdäitsche Radio Adolf Grimme benannt. Dobäi huet d’Serie Bad Banks, eng Koproduktioun vun Iris Productions aus Lëtzebuerg a Letterbox Filmproduktioun aus Däitschland, esou richteg ofgeraumt!

Nëmmen ee Mount no der offizieller Annonce vun de Laureaten vum Grimme-Präis konnt d’Désirée Nosbusch, zesumme mat der Ekipp vun der Mini-Serie Bad Banks, d’Auszeechnunge vun der däitscher Tele am Grapp halen. Wärend der 55er Zeremonie vun der Präisiwwerreechung hu si dobäi ganzer 5 Kategorie fir sech entscheede kënnen:

  • Bescht Realisatioun
  • Beschten Zeenario
  • Bescht Produktioun
  • Bescht weiblech Roll fir d’Désirée Nosbusch an d’Paula Beer

No enger éischter immens erfollegräicher Staffel wäert 202 d’Fortsetzung kommen an esou d’Geschicht vun de Protagonisten an hiren Intrigen an der Lëtzebuerger Haaptstad virun erzielen.

Related topics Bad Banks, Désirée Nosbusch, Grimme-Präis, Iris Productions, Paula Beer
Next post Previous post