Search

You may also like

Landminne-Rapport: Eigentlech verbueden an awer klammen d‘Afferzuelen
Neiegkeeten

Landminne-Rapport: Eigentlech verbueden an awer klammen d‘Afferzuelen

De Verbuet fir Landminnen ass ëmfaassend: si dierfe weder hiergestallt,

Happy Brexit Day
Neiegkeeten

Happy Brexit Day

Déi sougenannte „Brexiteers“ hunn et an der Nuecht kraache gedoen.

Corona-Protest zu Berlin: Widderstand géint d’Infektiounsschutzgesetz
Neiegkeeten

Corona-Protest zu Berlin: Widderstand géint d’Infektiounsschutzgesetz

Berlin – Wärend den Bundestag iwwer nei Infektiounsschutzgesetzer debattéiert, hunn sech an

D‘Gripp geet ëm an et kann ee sech nach impfe loossen

D‘Gripp geet ëm an et kann ee sech nach impfe loossen

Mir hunn et elo all matkritt, a wien net selwer betraff ass kennt awer op mannst een, deen et erwëscht huet. Laut dem staatlechen „Iwwerwaachungsdéngscht“ huet den Taux vun der Gripp tëscht dem 12. an 18. Februar 9,3% erreecht. Ab 2% schwätzt ee scho vun Epidemie.

D‘Lag ass entspriechend eescht, an et ass ee gutt beroden sech wéinstens d‘Recommandatioune vun der Gesondheetsdirektioun unzehéieren. Wien iwwer 65 Joer al ass, oder zu enger sougenannter „Risiko-Populatioun“ gehéiert, géif gutt drun doen sech mat enger Impfung géint Gripp ze rëschten.

D‘Mënschen déi dem Risiko éischter ausgesat sinn, sinn all déi Leit déi eng chronesch Erkrankung vun den Otemweeër, en Häerzleiden, Diabetis, Problemer mat de Nieren, oder eng ageschränkten Immunitéit hunn. Si sollten sech onbedéngt mat hirem Hausdokter iwwert eng Impfung ënnerhalen.

…et ass net vu Muttwëll

Och d‘Gesondheetsministesch Lydia Mutsch intervenéiert: „Dee beschte Schutz géint d‘Gripp an déi domatter verbonne Komplikatioune, ass d‘Impfung! Dofir widderhuelen ech mäin Appell a bieden eis Matbierger sech impfen ze loossen“. Den héije Rot fir ustiechend Krankheete réit och schwangere Fraen, egal a wéi engem Mount se sech befannen, mat hirem Dokter iwwert eng Impfung géint d‘Gripp ze schwätzen.

Den Appell gëllt natierlech och a besonnesch fir dat medezinescht Personal, an all déi Leit, déi op Grond vun hirer Aarbecht, mat Leit ze dinn hunn, déi zu enger Risikogrupp gehéieren, oder mat eelere Mënschen, oder Kanner ze dinn hunn. Verantwortlech handelen ass grad elo ugesot.

Wat een eigentlech mengt net méi mussen ze maachen, kann dann awer net schueden, dofir leeë mir all Mënsch no, sech un déi klassesch Hygiènesregelen ze halen: reegelméisseg mat Seef d‘Hänn wäschen, d‘Hand vrun d‘Gesicht hale wann een Houscht, d‘Nuesschnappech benotzen a seng Raimlechkeete reegelméisseg lëften.

Weider Informatioune gëtt et och ënnert www.grippe.lu

Related topics Gesondheet, Grippe, Grippeimpfung, Hygiène
Next post Previous post