Search

You may also like

Delphi Lëtzebuerg wëll Aarbechtsplazen ofbauen
Neiegkeeten

Delphi Lëtzebuerg wëll Aarbechtsplazen ofbauen

Den 31. Oktober sinn d‘Mataarbechter vum Standuert Delphi Technologies zu

Wéi gutt kenns du dech mat der Stad Iechternach aus?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du dech mat der Stad Iechternach aus?

[onionbuzz quiz-id=77][/onionbuzz] Nodeems mer ugangs der Woch schonn an de

Oh yes,we have no bananas!
Neiegkeeten

Oh yes,we have no bananas!

Freides, 10. Januar 2020 | 20:00 ARTIKUSS – Zolwer E musikalesche

D’Santé réit zur Grippe-Impfung

D’Santé réit zur Grippe-Impfung

Mam Wanter huet och d’Saison vun der Gripp nees ugefaangen. An dësem Kader huet d’Santé nei Impfdose bestallt, déi vir d’Personal aus dem Gesondheetsberäich a Risikopersoune virgesi sinn.

Well d’Personal aus der Gesondheet an der Fleeg am enke Kontakt mat kranke Persoune steet, an ee grad zur aktueller sanitärer Kris enger Iwwerlaaschtung vum Gesondheetssystem entgéintwierke wëll, gëtt d’Grippe-Impfung an dësem Joer besonnesch de Professionellen un d’Häerz geluecht.

Ma, d’Impfunge sinn natierlech och fir Persoune mat erhéichtem Infektiounsrisiko geduecht. Dozou gehéieren Persounen ab 65 Joer, schwanger Fraen a Persoune mat chronescher Krankheet vun den Otemweeër oder Häerzkreeslafproblemer, Diabetis, Nierenerkrankungen oder Leit mat geschwächtem Immunsystem. Dat sinn iwwregens och d’Recommandatioun vun Ieweschte Rot vun den Infektiounskrankheeten CSMI.

Grippe-Impfung

D’Santé erkläert, datt dës Impfung dat effikasst Mëttel ass, fir sech géint d’Gripp ze schützen an déi domat verbonne Komplikatiounen ze verhënneren. No der Piqûre kann et zu Féiwer, Onwuel a liichtem Wéi op der gepickter Plaz kommen. 15 Deeg no der Injektioun ass de Kierper geschützt, d’Impfung hält 6 Méint.

Weider Informatiounen ginn et op www.sante.lu.

Related topics Gesondheetssystem, Gripp, Impfung, Professioneller, Risikopersounen, Santé, Schutz, vulnerabel Persounen
Next post Previous post