Digital Presentatioun zu der Reorganisatioun vum RGTR Reseau
Wéinst der aktueller sanitärer Lag ginn déi ëffentlech Versammlungen iwwert
Wéinst der aktueller sanitärer Lag ginn déi ëffentlech Versammlungen iwwert
Et gehéiert zu de wichtegsten Entscheedungen vun engem jonke Mënsch.
No Stengefort huet gëschter och d’Gemeng Klierf d’Konventioun vum Ministère
Dës Ëfteren huet d’OGBL-Pensiounssectioun op d’Problematik vun der Isolatioun am 3. a 4. Alter verwisen. Wa Mënschen a Pensioun ginn, verännert sech hiert Liewe vun engem Dag zum anere grondleeënd, wat zu psychosoziale Problemer féiere kann. Gefiller vun „net méi gebraucht ze ginn“, feelender Wäertschätzung, Langweil, Einsamkeet, kënnen een negativen Afloss op déi kierperlech a geeschteg Gesondheet hunn.
Dës Weidere kënnen och Altersaarmut, gesondheetlech Problemer, sou wéi Mobilitéitsaschränkungen zur Isolatioun vun eelere Mënsche bäidroen. Och a modernen Alters- a Fleegeheemer kënnen eeler Mënschen an d’Isolatioun falen. D’OGBL-Pensiounssectioun begréisst de politesche Wëlle fir dësem Phenome proaktiv entgéint ze wierken.
Dofir verdeedegt d’OGBL-Pensiounssectioun mat aller Kraaft déi laangfristeg Sécherung an Erhalung vun der ëffentlecher Pensiounsversécherung zu Lëtzebuerg, déi op der Opdeelungsmethod (Umlageverfahren) baséiert a solidaresch finanzéiert gëtt. Gutt Pensioune sinn ee wierksamt Mëttel zur Bekämpfung vun Altersaarmut, Isolatioun am Alter an dréit zur Verbesserung vun der Liewensqualitéit am 3. a 4. Alter bäi.
Am Hibléck op déi super Finanzlag (19 Milliarden Euro) fuerdert d’OGBL-Pensiounssectioun, datt déi nach ausstoend Upassung vun der Pensioun vun 1,7% (1. Januar 2013) un d’Lounentwécklung réckwierkend erfollegt, sou wéi d’Zeréckhuele vun der mat der Reform 2013 agefouerte Verschlechterungen.
D’OGBL-Pensiounssectioun verdeedegt folgend Grondsätz fir eng optimal Liewensqualitéit am Alter:
Matgedeelt vum OGBL-Pensiounssectioun – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu