Search

You may also like

Zu Fuerschungszwecker: e Scheck fir den Dokter Serge Haan
Kultur Neiegkeeten

Zu Fuerschungszwecker: e Scheck fir den Dokter Serge Haan

Déi Lëtzebuerger „Fondation Cancer“ huet de Moien dem Dokter Serge

Editorial: A firwat net direkt eng Schouluniform!
Kultur Neiegkeeten

Editorial: A firwat net direkt eng Schouluniform!

De Weekend iwwer war nees eppes méi lass an de

Déierentransporter an der EU: Een erniichternde Fazit
Kultur Neiegkeeten

Déierentransporter an der EU: Een erniichternde Fazit

Vergaangenen Donneschdeg huet d’EU-Parlament mat enger grousser Majoritéit een Ëmsetzungrapport

D’Grouf Kazebierg – E Stéck Geschicht am Ellergronn

Vun der Industrie zum Naturschutzgebitt

Am Kader vun „En Dag an der Natur“ konnt ee leschte Samschdeg bei der guidéierter Visitt vum restauréierte Site vun der Grouf Kazebierg am Naturschutzgebitt Ellergronn deelhuelen. Matzen am Bësch verstoppt sech een Deel Geschicht vu Lëtzebuerg. Schliisslech war et d’Stolindustrie, déi eist Land opbléie gelooss an aus dem Duerf Esch eng Stad gemaach huet.

D’Naturschutzgebitt Ellergronn ass Deel vum Natura 2000 Gebitt „Anciennes minières Ellergronn“ a gëllt mëttlerweil als wäertvolle Liewensraum fir divers Aarten. Duerch d’Beméiungen an immens Restauréierungsaarbechten vun der Entente Mine Cockerill kann een och haut nach, matzen am Gréngs, vun enger Visitt profitéieren, d’Biergwierk kenneléieren an dem Alldag vun de Minnenaarbechter méi no kommen.

Ellergronn

© Shari Pleimelding/moien.lu

De Schweess ass gefloss

Mir schreiwen d’Joer 1881, wou d’Bridder Charles a Jules Collart, Schmelzhäre vu Stengefort a Rodange d’Konzessioun Schlossbüsch fir 50 Joer zougesprach kruten. Déi éischt Entrée an de Stollen gouf et deemools an der sougenannter „Eisekaul“, bis datt d’Gebridder 1887 schliisslech eng weider Konzessioun fir den Ellergronn kruten.

De Betrib konnt schnell erweidert a vergréissert ginn, sou datt ee schonn 1898 ganzer 72.000 Tonnen Äerz aus der Minn am Süde vum Land gewanne konnt. Gutt 12 Joer drop huet een eng Schëpp drop geluecht an de Site weider ausgebaut. Esou koum uewen ee Reparaturatelier (haut de Centre d’Accueil), eng elektresch Zentral (haut Hal C) an eng Wunneenheet mat 2 Wunnengen hin.

Ellergronn

© Shari Pleimelding/moien.lu

An der Zäit wou Kanneraarbecht nach erlaabt war, hunn d’Pappen hir Bouwe scho mat 13 Joer aus der Schoul geholl, fir d’Päerd mat de Buggien an d’Grouf ze leeden. Mat 15 duerfte si op de Chantier an zwee Joer drop schonn déi éischt Nuetsschichte schaffen. Dobäi war et och fir erwuesse Männer eng haart, knaschteg a schweessdreiwend Aarbecht, bei där et och reegelméisseg Doudeger ginn ass.

De Risiko huet ënnert anerem bestanen, datt een eng Waasseroder trëfft a mam elektresche Geschir am Grapp exekutéiert gëtt, respektiv konnt och einfach den Tunnel astierzen. Den Heng Clemens, President vun Entente Mine Cockerill huet d’Visitt geleet an erkläert, datt fir Lëtzebuerg 1.500 Persoune gezielt goufen, déi direkt an der Minn gestuerwe sinn. D’Donkelziffer ass wahrscheinlech nach méi grouss, an och d’Persounen déi spéider u Krankheeten gestuerwe sinn, déi duerch d’Aarbecht an der Minn ausgebrach sinn, sinn net dobäi gerechent.

Mam Ausbau koum et och zum Kaf vun 2 elektresche Lokomotiven vum Typ Lahmeyer, der Installatioun vun Entwässerungspompelen, sou datt méi déif geschafft konnt ginn. Am Joer 1907 huet d’Produktioun hiren Héichpunkt erlieft: 177.000 Tonnen Eisenäerz konnte gewonne ginn.

Ellergronn

© Shari Pleimelding/moien.lu

E strukturelle Wandel

De Charles Collart stierft 1910. Just e puer Joer méi spéit war déi däitsch Gesellschaft Felten & Guilleaume Carlswerk Haaptaktionär, ier de Betrib nom Enn vum éischte Weltkrich un déi franséisch Société des Mines de la Loire verkaaft ginn ass. Zwee Joer drop huet déi belsch Gesellschaft Athus-Grivegnée d’Minn iwwerholl, 1928 huet een du mat de Stolwierker vun Angleur fusionéiert. Vill hin an hir am Ellergronn…

Mat der Moderniséierung konnt 1950 de Groussdeel vun der Aarbecht mechaniséiert ginn. Ma, 17 Joer drop war et dunn awer fäerdeg fir d’Grouf. No méi wéi 85 Joer ass d’Aarbecht agestallt ginn an d’Gebaier louche brooch.

Elo war Esch scho laang keen Duerf méi, mee international bekannt. Schnell huet een de kulturellen a geschichtleche Wäert vun der Plaz erlieft. Nodeems de Staat d’Bëscher am Ellergronn a schliisslech och d’Grondstéck vun der Grouf mat de Gebaier opkaaft huet, konnt an Zesummenaarbecht mat der Entente Mine Cockerill een touristesche Bijou hiergeriicht ginn, deen d’Leit bei hirem Spadséiergang duerch de Bësch magesch unzitt.

Einfach emol kucke goen

De Site kann een zu all Ament kucke goen an och de Musée huet déi ganz Woch iwwer op (Méindes bis Freides vun 8:30 bis 12:00 a vun 13:00 bis 17:00 Auer, sou wéi Weekends vun 9:00 bis 11:30 Auer). Den Tour leet Iech vun der restauréierter Bärbel-Kapell, laanscht Buggien a Schinnen, déi al Schmëdd an där och haut nach Atelieren organiséiert ginn, bis hin zum klenge Musée. Mat Erklärtafelen kritt och Dir e flotten Abléck an d’Aarbecht an der Minn.

Häerzstéck vum Musée ass déi sougenannt „Salle des Pendus“, dee mat vill Léif nees hiergeriicht konnt ginn. An dësem Sall hänkt d’Kleedung vun den Aarbechter u Seeler ënnert dem Plafong, mee wisou eigentlech? Fannt et eraus bei Ärer Visitt.

Eng kleng Billergalerie vun der Visitt fannt Dir uewen © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Buggie, Charles a Jules Collart, Eisenäerz, Ellergronn, En Dag an der Natur, Grouf Kazebierg, Minière, Stolindustrie
Next post Previous post