Grouss Botz: Fir propper Weeër a beléifte Plazen

Mam Fréijoer, sengem gudde Wierder an de steigenden Temperaturen ginn nees zuelräich Grouss Botze uechtert d’Land organiséiert. Ënnert anerem hu leschte Weekend d’Awunner vu Reisduerf, Kielen oder och Groussbus eng Hand mat ugepaakt fir Offall opzerafen. Eleng an der Gemeng Stengefort hunn e Samschdeg iwwer 150 motivéiert Persounen vun all Alter deelgeholl.

Opgedeelt a verschidde Weeër goung et hei pünktlech um 9 Auer lass fir vun der Lëtzebuerger an Areler Strooss, iwwert de beléifte Park a Bësch, hin zumWeier an der Schoul d’Natur vun eisem Knascht ze befreien. Besonnesch Zigarettestëmp, Plastiksfläschen a Verpackungsmüll ware staark vertrueden. En trauregen Ubléck wann ee bedenkt, datt oft e puer Meter weider eng Poubelle stoung, respektiv et net ze vill verlaangt gewiescht wier, deen Offall Doheem konform ze entsuergen.

Grouss Botz
Grouss Botz zu Stengefort © Shari Pleimelding / moien.lu



E Sonndeg huet Sea Shepherd Lëtzebuerg sech de Weieren vun der Kockelscheier ugeholl. Och hei nees dat selwecht Bild: Zigarettestëmp, eidel Fläschen aus Plastik a Glas mat hire Stëpp, deelweis och nach eng ganz Rei Masken. Aus dem Waasser gefëscht, respektiv um Bord opgeraf goufen och nach Schlittschong an Aishockey-Schleier, Angelschnouer, Spullmëttelfläschen anTute mat Hondskaka.

Grouss Botz
Clean-Up bei de Weieren vun der Kockelscheier © Sea Shepherd Lëtzebuerg

De klenge Grupp krut ënnerhalb vun 2,5 Stonnen 8 grouss Tuten Offall agesammelt. Datt den Dreck net nëmme kee schéinen Ubléck ass, mee och uerg Konsequenzen fir d’Ëmwelt huet, misst dach mëttlerweil jidderengem bewosst sinn. Wa jiddereen säin Offalluerdnungsgemäss entsuergt, huet kee vill Aarbecht a jiddereen eppes vun der schéiner Natur!

Dernières nouvelles