Search

You may also like

Dem US-President seng Ried zum Ofzuch aus Afghanistan
Kultur Neiegkeeten

Dem US-President seng Ried zum Ofzuch aus Afghanistan

Um spéiden Dënschdegowend huet den US-President Joe Biden sech zum

Pfizer/BioNTech: Véier Milliounen zousätzlech Impfdose fir d’EU-Memberstaaten
Kultur Neiegkeeten

Pfizer/BioNTech: Véier Milliounen zousätzlech Impfdose fir d’EU-Memberstaaten

An den nächsten zwou Woche sollen, duerch een Accord tëscht

Kommt och dir an entdeckt den éischte Senior-Kohabitatiounsprojet zu Luerenzweiler
Kultur Neiegkeeten

Kommt och dir an entdeckt den éischte Senior-Kohabitatiounsprojet zu Luerenzweiler

Zu Luerenzweiler entsteet grad den éischten „écohabitat senior“. Hei kënnen

Grouss Botz an der Abtei Neimënster

Grouss Botz an der Abtei Neimënster

Natierlech gouf de Kulturzenter, d‘Abtei Neimënster am Gronn, net vum Staarkreen verschount. D‘Waasser ass iwwerall eragelaf wou et Lach fonnt huet, d‘Situatioun war hei ei anerwäerts am Land zimmlech ugespaant. Zanter e Freideg awer gëtt geraumt a gebotzt.

Nach steet villes un, mee et gëtt eppes Zouversiicht. Op Nofro gouf confirméiert, datt d‘Abtei bis en Dënschdeg zoubleift. D‘Servicer si weder iwwer Telefon nach via e-Mail erreechbar. Wat d‘Tickete vun de Concerte vum Weekend betrëfft, esou muss den Detenteur vum Entréesbilljee näischt weider maachen. De Remboursement ass Automatesch a soll ab en Donneschdeg lancéiert ginn.

Wat déi dräi Concerte vun nächster Woch betrëfft, esou gouf confirméiert datt déi wéi virgesinn ofgehale ginn. Datt dat méiglech ass, ass dem groussen Engagement vun de Mataarbechter aus der Abtei geschëlt. Si hunn hir Aarbechten dann och am Bild festgehalen.

Foto: © Centre Culturel Abtei Neimënster

Related topics Abtei Neimënster, Héichwaasser, Iwwerschwemmung, Kultur, Lëtzebuerg-Gronn, Staarkreen
Next post Previous post