Search

You may also like

Algerien: den ale Mann huet d‘Handduch geworf
Neiegkeeten

Algerien: den ale Mann huet d‘Handduch geworf

Hien hat et um Méindeg annoncéiert, ouni awer en Termäin

Déifferdenger Schoulen: Groussflächegt Testen bis den 2. Abrëll
Neiegkeeten

Déifferdenger Schoulen: Groussflächegt Testen bis den 2. Abrëll

Tëscht dem 29. Mäerz an dem 2. Abrëll ginn d’Schüler

Cube 521: Kee Salut Salon, dofir en anere wierdegen Optaktconcert
Neiegkeeten

Cube 521: Kee Salut Salon, dofir en anere wierdegen Optaktconcert

De fir e Samschden den 3. Oktober 2020 geplangten Optaktconcert am

Grouss Ëmfro zur Gesondheet vun de Lëtzebuerger Bierger

Grouss Ëmfro zur Gesondheet vun de Lëtzebuerger Bierger

D’Direktioun vun der Gesondheet huet, a Kollaboratioun mam Luxembourg Institute of Health (LIH), eng grouss Ëmfro lancéiert, fir esou méi iwwert de Gesondheetszoustand vun den aktuell am Grand-Duché liewende Bierger gewuer ze ginn.

D’Zieler vun der Enquête

  • De Gesondheetssystem un déi reell Besoine vun de Bierger upassen
  • D’Resultater vun der Gesondheetspolitik bewäerten
  • Op nationalem Niveau d’Evolutioun vun de Resultater analyséieren an se mat anere Länner ze vergläichen, déi, déi selwecht Ëmfro vun EUROSTAT maachen. Esou kënne besser Vergläicher duerchgefouert ginn tëschent de Memberstaaten (Reglement EU 2018/255)

Wien kann deelhuelen?

18.000 Lëtzebuerger Männer a Fraen ab 15 Joer gi per Zoufall aus dem nationale Register ausgewielt a gi per offizieller Post vun der Gesondheetsdirektioun agelueden, un der Ëmfro deelzehuelen.

Déi ausgewielte Persoune kënnen uschléissend de Questionnaire um Site www.ehis.lu ausfëllen oder d’Enquête a Pabeierform ufroen. D’Froe sinn op véier Sprooche gestallt: Däitsch, Franséisch, Portugisesch an Englesch.

D’Ëmfro besteet aus véier Deeler: de Gesondheetszoustand, den Zougrëff op d’Fleeg, d’Gesondheetsdeterminanten an sozio-ekonomesch Eegenschaften. Weder den Numm, nach de Gebuertsdatum oder d’Adress vum Participant gi gefrot. D’Enquête ass net obligatoresch, an awer liwwert si wichteg Resultater iwwert de Gesondheetszoustand vun de Lëtzebuerger Bierger. Wat also méi Leit deelhuelen, wat méi ee reellt Bild vun der Populatioun gemaach ka ginn an eng besser Evolutioun am Gesondheetssystem garantéiert.

E puer Zuele vun 2014

Eng ähnlech Ëmfro ass scho viru 5 Joer zu Lëtzebuerg organiséiert ginn. Hei hate 16.000 Persounen am Alter vu 15 Joer opwäerts ee Bréif erhalen. Folgend Resultater konnte gezu ginn:

  • Ongeféier 70% beschreiwen hire Gesondheetszoustand als „gutt“ oder „ganz gutt“
  • Déi heefegst Krankheete ware Réckewéi oder aner chronesch Anomalië vum Réck
  • 1 vun 3 Persounen huet zouginn an den alldeeglechen Aktivitéiten op mannst 6 Méint limitéiert gewiescht ze sinn duerch ee Gesondheetsproblem
  • 20,5 % fëmmen all Dag oder geleeëntlech – dat mëscht 1 Persoun op 5
  • 40,6 % consomméieren op mannst 1 Mol pro Woch Alkohol (op europäeschem Niveau sinn et der 29,6 %)

Bei den Erwuessenen (18 Joer opwäerts) konnt ee Folgendes feststellen:

  • 15,6 % si fettleiweg an 32,4 % iwwergewiichteg
  • 35,8 % vun de Persounen iessen net all Dag Uebst a Geméis
  • 40,8 % maachen d’Woch op mannst 150 Minutte Sport (op europäeschem Niveau sinn et der 29,9 %)

Weider Resultater kann een ënnert www.sante.public.lu noliesen.

Related topics EHIS, Ëmfro, Enquête, Gesondheet, Lëtzebuerg, LIH
Next post Previous post