Search

You may also like

Zwee Frënn, en Tandem an eng Missioun
International Neiegkeeten

Zwee Frënn, en Tandem an eng Missioun

De Gilles an de Pier sinn d’Grënner vum Lët’z Fetz

Polen: Bréissel saiséiert d‘Justiz géint d‘Reform vum ieweschte Geriichtshaff
International Neiegkeeten

Polen: Bréissel saiséiert d‘Justiz géint d‘Reform vum ieweschte Geriichtshaff

Um Méindeg huet d‘EU-Kommissioun déi europäesch Justiz saiséiert, a Polen

Neies zum Waasserdësch
International Neiegkeeten

Neies zum Waasserdësch

D’Fédération Horticole Luxembourgeoise (FHL) an de Lëtzebuerger Landesuebstbauveräin (LUV) waren

Grouss Sonnendäischtert verzaubert d’Amerikaner

Grouss Sonnendäischtert verzaubert d’Amerikaner

Fir eppes méi wéi 90 Minutte ware Millioune vun Amerikaner ganz ergraff, wéi d’Sonn sech hannert dem Mound verstoppt huet. Et war och ee seele schéine Moment an déi éischt integral Sonnendäischtert zanter 99 Joer.

Um kuerz no 19 Auer eiser Zäit huet de Phänomen am Oregon agesat. Dausende Leit hunn an d’Hänn geklappt a vu Freed gejaut. Alleguerte waren extra komm fir sech de Spektakel unzekucken. Um zéng vir néng (nach ëmmer eiser Zäit) ass d’Sonn zu Charleston a Süd Carolina nees hannert dem Mound ervirkomm. Et der Sonnendäischtert hir läscht Etapp iert se den amerikanesche Kontinent verlooss huet.

„Et war esou ongleeflech schéin. Ech war bis zu den Tréine geréiert“ erzielt eis d’Heather Riser, dat extra vu Virginia bis Charleston gereest war, fir op der Bunn vun der Sonnendäischtert ze sinn. Eng besonnesch Sonnendäischtert, déi an enger diagonaler Linn, vum Nordweste bis an de Südosten eng däischter Sträif iwwer d’USA gezunn huet.

An d’Amerikaner hunn den Evenement gefeiert, Festival op Festival, kaum en Dach vun engem Gebai op deem sech net zesummegedoe gi wier, genau getimten Hochzäiten. Se hunn de Moment zelebréiert, en historeschen Abléck dee wuel bei villen onvergiess dierft bleiwen.

Am ganze Land, och do wou d’Däischtert nëmme partiell war, keen Teleskop oder Fotoapparat deen am Haus bliwwe wier. Zu Washington huet de President mat senger Fra dem Dreiwen um Himmel nogekuckt. Den Donald an d’Melania Trump haten sech dofir den Truman-Balcon erausgesicht. An de President wier net de President wann hien net fir ee kuerzen Abléck de Brëll ausgedoen hätt. Gutt datt dee seng Leit huet, déi him zougeruff hunn se erëm opzesetzen.

D’NASA huet natierlech déi grouss Moyenen agesat fir déi faméis Sonnendäischtert vun all senge Säiten ze „beliichten“. Eelef Raumgefierer, fofzeg Ballonen an dräi Fliger waren am Asaz fir de Phänomen ze studéieren. De Spektakel ass dann och integral um Site vun der Agence iwwerdroe ginn.

Wien vun den Amerikaner elo d’Sonnendäischtert net konnt erliewen, muss dann awer keng 99 Joer waarden. De nächste Rendez-vous mat enger totaler Sonnendäischtert ass fir den Abrëll 2024 virgesinn.

mam Kerry Sheridan (Charleston) an Sébastien Vuagnat (Madras)/AFP

Foto: D’Bild vun der integraler Sonnendäischtert um 21. August zu Casper Collage am Wyoming. Si huet ganzer 150 Sekonne gedauert. © Gene Blevins/AFP

Related topics NASA, Sonnendäischtert, USA
Next post Previous post