Search

You may also like

Nationalen Energie- a Klimaplang: ambitionéiert Zieler, déi elo ëmgesat musse ginn!
Meenung Neiegkeeten

Nationalen Energie- a Klimaplang: ambitionéiert Zieler, déi elo ëmgesat musse ginn!

Enn Februar huet d’Regierung, am Kader vun den europäesche Klimaschutzzieler

Drauwen, Wäin an den neie Joergang
Meenung Neiegkeeten

Drauwen, Wäin an den neie Joergang

D‘Drauwelies geet gutt virun. Dovunner konnt de Wäibauminister Romain Schneider

Streik an de Fleegeheimer: D‘Direktioun vum „Parcs du 3ème âge“ ass ageknéckt
Meenung Neiegkeeten

Streik an de Fleegeheimer: D‘Direktioun vum „Parcs du 3ème âge“ ass ageknéckt

Säit gëschter Moie gëtt zu am Fleegeheim „An de Wisen“

Grouss Vakanz – an elo?

Grouss Vakanz – an elo?

Déi grouss Vakanz ass un – an ech muss de Kapp driwwer rëselen. No #BleiftDoheem an #SchoulDoheem, steet elo den nächsten #doheem um Programm. Et hänkt mir zum Hals eraus.

Wéi erklären ech mengem Jéngsten, dass d’Joffer elo mat hire Videouriff ophält, hatt huet sech just dru gewinnt. A wéi ënnerhalen ech hatt déi nächst zwee Méint? Ech fäerte ganz mir ginn d’Iddien aus, a wie weess, ewéi et am September an eisem Land ausgesäit – éiweg kënne mir net doheem bleiwen …

Jo, ech kéint mam him an d’Schwämm oder op iwwerfëllte Spillplaze goen. Ma, ech sinn ee vun deenen, déi net vergiess hunn, dass mir a Coronazäite liewen. Ech huelen eis Sécherheet nach ëmmer eescht, och wann d’Sonn gutt schéngt. De Summer ass do, ma dat heescht net, dass mir déi lescht Méint vergiesse sollen.

Déi nei positiv Zuele soe mir, dass dat de richtege Wee ass – et stëmmt, eventuell kënnt eng zweet Well, mä wann dat de Fall ass, si mir eis se selwer siche gaangen. An zwar mat onser Ignoranz. Den Deconfinement an den Appell un Eegeverantwortung si gutt an d’Box gaangen. Eis Gedold a Solidaritéit ass mam gudde Wieder verschwonnen.

Ech gesinn dat allkéiers, wa mir Kommissioune maache ginn – no eisem Familljendag – enger Shoppingtour op Tréier ware mir schockéiert ze gesinn, dass bal keen den Ofstand agehale huet. A Maske waren och wäit a breet keng ze gesinn. Wat leeft falsch? Ass et dann esou schwéier, déi richteg Prioritéiten ze setzen?

Dat froen ech mech och, wann ech de Summerprogramm vu Lëtzebuerg gesinn. Gutt, et muss weidergoen an et ass schued, dass d’Schueberfouer ofgesot ginn ass, mä ass e Riserad wierklech néideg? Mënschemassen a Waardeschlaangen, ass dat de richtege Message? Et vermëttelt e falscht Zeeche vu Sécherheet. Bei wiem läit dann do d’Verantwortung?

Un all Partygänger – rappt Iech nach e bëssen um Rimm, och ech wëll nees liewen! Wéinstens kann dat Klengt spéider soen, dass säin éischt Spillschoulsjoer e besonnescht war. Hoffentlech war ech him eng gutt Joffer!

Opmaacherbild © Joel Overbeck

Related topics #bleiftdoheem, Corona, Covid-19, Grouss Vakanz, Homeschooling, Kanner, Pandemie, Schoul doheem, Schoulvakanz, Summer, Summervakanz
Next post Previous post