Search

You may also like

Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur – Diplomiwwerreechung am INL
Neiegkeeten

Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur – Diplomiwwerreechung am INL

2020/2021 huet den Institut national des langues (INL) scho fir

Circuit UNESCO an Urban Time Travel: Solidaritéitsdag vun de Stied vum Weltkulturierwen
Neiegkeeten

Circuit UNESCO an Urban Time Travel: Solidaritéitsdag vun de Stied vum Weltkulturierwen

Den 8. September 1993 gouf zu Québec (Kanada) d’Organisatioun vun de

Covid-Test fir d’Déngschtrees: Recommandatiounen zur Demarche
Neiegkeeten

Covid-Test fir d’Déngschtrees: Recommandatiounen zur Demarche

Duerch déi rezent Evolutioun a Saache Covid-19 hunn d’Generaldirektioun vun

Grouss Versprieche maachen an näischt anhalen

Eigentlech sollt déi EIB ee Leader am Beräich vun der „green finance“ sinn

Grouss Versprieche maachen an näischt anhalen

Um haitege Freideg huelen de Finanzminister Pierre Gramegna (DP) a seng 26 Homologen un der virtueller Gouverneurssëtzung vun der Europäescher Investitiounsbank (EIB) deel. Hei wäert de President Werner Hoyer dem Verwaltungsrot den Aktivitéitsbericht vun der Bank fir d‘Joer 2020 virleeën. De Klima dierft hei eng gréisser Roll spillen, mengt zumindest Greenpeace.

Déi militant Naturschutzorganisatioun huet an dësem Kontext en oppene Bréif un de Finanzminister geriicht, an deem de Pierre Gramegna opgefuerdert gëtt sech nach emol fir de Klimaschutz staark ze maachen an sengen Homologen an d‘Gewëssen ze rieden. Eng Fuerderung déi net iwwerzunn ass, well et ass jo d‘EIB selwer, déi sech den Usproch gestallt huet d‘Klimabank vun der EU ze ginn.

Just datt dës Bänker – et huet Beispiller – net wierklech entspriechend hirer Missioun d‘Wuel vun der Allgemengheet, also an éischter Linn de Bierger, am Sënn hunn. Si verfeele jo och dank der Ënnerstëtzung vun de grousse Ëmweltverbriecher sämtlech gesaten Ziler. Verantwortlech mécht Greenpeace keen anere wéi de President vum EIB-Verwaltungsrot, deem ee wuel ënnerstellen dierf ni d‘Absicht gehat ze hunn säi Wuert ze halen. Datt hien der FDP ugehéiert ass awer elo Zoufall.

Esou steet d‘Verdeelung vum Goss am krasse Widdersproch zu de Klimaverflichtunge vun der EIB. Si sollt eigentlech Virbild, Moteur a Leader ënnert de Finanzinstitutioune sinn. Laut Greenpeace – an dëse Veräi weess vu ee schwätzt – awer mécht d‘EIB virun allem eppes mat grousser Exzellenz an Effizienz: „Greenwashing“. Et huet jo esou seng Frënn an virun allem perséinlech Interessen.

Foto (Archiv): Zanter Jore ginn sech es d‘Greenpeace-Militanten net midd, um Parvis vun der EIB vun der Bank ze verlaangen, déi gréng Energietransitioun ze ënnerstëtzen. © Greenpeace Lëtzebuerg

Related topics EIB, Europäesch Investitiounsbank, Greenpeace, Greenwashing, Oppene Bréif, Pierre Gramegna, Werner Hoyer
Next post Previous post