Search

You may also like

Mann erschéisst Serveur – D’Iessen huet ze laang gebraucht
Neiegkeeten

Mann erschéisst Serveur – D’Iessen huet ze laang gebraucht

Honger kann elle sinn, sollt awer net esou eskaléieren, wéi

Een Ausfluch op Dunkerque – Op de Spuere vun de verluerenen Zaldoten
Neiegkeeten

Een Ausfluch op Dunkerque – Op de Spuere vun de verluerenen Zaldoten

Eigentlech ass et jo e schéint Gefill, buerféiss iwwert de

Nëmme wann s du hei 7 Froen richteg beäntwers, weess de iwwert de Weste vum Land Bescheed!
Neiegkeeten

Nëmme wann s du hei 7 Froen richteg beäntwers, weess de iwwert de Weste vum Land Bescheed!

[onionbuzz quiz-id=103][/onionbuzz] Réiden ass den zweetgréisste Kanton vun eisem Land.

Dikrech: Groussbrand an der aler Brauerei

Dikrech: Groussbrand an der aler Brauerei

An der Nuecht vun ee Samschdeg ass an der Sauerstad déi al Brauerei de Flamen zum Affer gefall. D‘Pompjeeë konnten, emol der Plaz just nach feststellen, datt d‘Gebai mat senger gutt 900 M² grousser Hal integral a Brand stoung, a wuel och net méi ze rette war. Et ass also drëms gaangen de Schued vun den ëmleiende Strukturen a Wunnhaiser ofzewennen.

Op der Plaz, esou d‘Informatioun vum CGDIS, waren eng 60 Pompjeeën aus fënnef Asazzenter. Fir eng besser Kontroll an Iwwersiicht iwwert d‘Feier ze erhalen. Géint hallwer dräi de Moien, konnt d‘Feier maîtriséiert ginn. D‘Läschaarbechte sinn domatter allerdéngs nach net ofgeschloss, an et sinn nach ëmmer Asazkräften op der Plaz, fir d‘Brandwaach ze assuréieren.

Wann de Schued dierft an d‘Millioune goen, esou bleift ze begréissen, datt bei dësem Feier kee Mënsch blesséiert ginn ass. Och déi nei Brauerei um Site ass net beréiert. Wéi et zu dem Brand komme konnt, also wat den Ausléiser war, ass verständlecherweis esou séier net gewuer ze ginn. Bezunn op den Ëmfang vum Schued, dierft eng Enquête sech opdrängen.

Foto: © Jean Luc Aschbacher

Related topics al Brauerei, CGDIS, Dikrech, Groussbrand, Sauerstad
Next post Previous post