Search

You may also like

Wie fir d‘éischt schéisst stierft als zweet
International Neiegkeeten

Wie fir d‘éischt schéisst stierft als zweet

A Libyen huet de Generol Chalifa Haftar seng Truppen an

Iwwer 72.000 Bränn am Amazonas ënnerhalb vun engem Joer!
International Neiegkeeten

Iwwer 72.000 Bränn am Amazonas ënnerhalb vun engem Joer!

De brasilianeschen Amazonas muss leider 2019 eng Rekordzuel u Bëschbränn

De Streik am Fleegeheem zu Beetebuerg kritt eng nei Dimensioun
International Neiegkeeten

De Streik am Fleegeheem zu Beetebuerg kritt eng nei Dimensioun

No der Circulaire déi d‘COPAS (Federatioun vun de Prestataire fir

Groussbritannien imposéiert Voyageuren aus Frankräich an Holland eng Quarantaine

Groussbritannien imposéiert Voyageuren aus Frankräich an Holland eng Quarantaine

Wéinst der Zounam vun de Covid19-Infektiounen a Frankräich an Holland, muss all Mënsch deen ab muer Samschdeg aus Frankräich an/oder Holland a Groussbritannien areest, sech fir 14 Deeg a Quarantaine beginn.

London huet dës Decisioun gëschter geholl, woubäi nieft de genannte Länner, och d‘Voyageure vu Malta, Monaco, den Insele vun Aruba, Turks a Caicos vun dëser Mesure betraff sinn. De Grant Shapps, britteschen Transportminister, huet dat dann esou och via de Kuerznoriichtendéngscht Twitter bestätegt. Esou Annonce sinn awer éischter Gëft fir d‘Bezéiungen, déi jo tëscht Frankräich a Groussbritannien wéinst de Migranten eppes ugespaant sinn.

Wärend sech d‘Hollänner nach net zu dëser Mesure geäussert hunn, huet et eng Reaktioun aus Paräis ginn. De franséische Staatssekretär fir europäesch Ugeleeënheeten, Clement Beaune, bedauert déi brittesch Decisioun an huet dann emol direkt festgehalen, datt een elo genéidegt wier, déi selwecht Schrëtt géintiwwer de Voyageuren aus Groussbritannien misst uwennen.

QuarantaineElo kann een dës Entscheedung gutt oder schlecht fannen, et sinn awer éischter d‘Konsequenzen, déi d‘leit dierfte beschäftegen. Esou wei en den Elysée duerstellt, géifen sech zur Stonn ronn 500.000 Britten am Hexagon an der Vakanz befannen. Déi vu London getraffe Mesure kéint dann zu enger massiver Ofrees vun dësen „Touristen“ féieren, esou wéi dat Enn Juli a Spuenien de Fall war, nodeems hei d‘Quarantaine eesäiteg decidéiert gouf.

Schonn déi lescht Woch hat London de Voyageuren aus Andorra, de Bahamas an der Belsch, dës Quarantaine operluecht. Fir Leit aus an a Richtung Lëtzebuerg ass dogéint bis ewell näischt virgesinn, mee et dierft ze berécksiichtege sinn, datt d‘Situatioun evolutiv ass, firwat net kann ausgeschloss ginn, datt sech dës Oplagen net kuerzfristeg fir eis imposéieren.

Et muss een net alles verstoen

Wärend also geschwënn kee méi an- oder ausreese kann, huet déi brittesch Regierung beschloss, datt d‘Casinoen, d‘Theater a Concertssäll nees dierfen opmaachen, dat natierlech beim Anhale vun den Ofstandsregelen.

Aus engem Communiqué, deen de Büro vum Premierminister ausginn huet, geet ervir: „Virun zwou Wochen huet de Büro fir Statistiken sech beonrouegt gewisen, bezunn op eng Reprise vun den Infektiounszuelen. Dës Situatioun schéngt sech elo stabiliséiert ze hunn. (…) Mir sinn elo an der Lag nei Changementer unzekënnegen, déi et méi Leit soll erlaben nees schaffen ze goen, an dem Public nees méi vum Liewen ze profitéieren. Mee esou wéi et de Premierminister annoncéiert huet, wäerte mir net zécken op d‘Brems ze trëppelen, wann d‘Ëmstänn dat erfuerderen“.

QuarantaineHei ass nach drop hinzeweisen, datt och wann et zousätzlech Lackerunge gëtt, d‘Bousgeld fir verstéiss géint d‘Maskeflicht soll verduebelt ginn. Dat heescht, datt ee bei net anhale vun dëser Oplag, elo ka mat enger Amende vu bis zu 3.500 Euro ze rechnen huet.

Et sinn och verschäerfte Strofe fir all déi virgesinn, déi Partyen oder soss illegal Versammlunge mat méi wéi 30 Leit organiséieren. Hei kéint et esouguer zu Prisongsstrofe kommen, esou d‘Regierung, déi d‘nächst Woch dozou méi explizit Informatioune wëll erausginn. Verständlech, bezunn esouwuel op d‘Reesbeschränkunge wéi dem Fait, datt op der Insel nees all Dag iwwer 1.000 Neiinfektiounen ze notéiere sinn.

mat indymedia/lon/par

Illustratioun: Et ass net wierklech schwéier sech un déi essentiellst Gest Barrière ze halen, an egal ob een de Boris Johnson appreciéiert oder och net, zumindest weist hie wéi et geet. © Office of the Prime Minister

Related topics Covid19, Frankräich, Groussbritannien, Holland, Quarantaine
Next post Previous post