Search

You may also like

Alt nees ee Chantier um Echangeur Hamm (Autobunn A1)
International Neiegkeeten

Alt nees ee Chantier um Echangeur Hamm (Autobunn A1)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt et wéinst dem Reamenagement vum Echangeur

Chantier op der Autobunn A13 tëscht den Echangeure Keel a Schëffleng (28.02.2021)
International Neiegkeeten

Chantier op der Autobunn A13 tëscht den Echangeure Keel a Schëffleng (28.02.2021)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, dass d’Aarbechten um „Bowstring Schifflange“ an hir

EXPOGAST – fënnef Deeg fir d’Kachkonscht ze wierdegen
International Neiegkeeten

EXPOGAST – fënnef Deeg fir d’Kachkonscht ze wierdegen

Et ass ee Sammelpunkt fir déi talentéiertst Käch vu fënnef

D‘Britte wëllen net op d‘Touriste verzichten

D‘Britte wëllen net op d‘Touriste verzichten

Fir den Ament muss (bal) all Mënsch deen a Groussbritannien areest, sech selwer fir 14 Deeg a Quarantaine setzen. Dat huet vill Gedauschs gesuergt a net eleng säitens dem Tourismussecteur. An esou huet d‘Regierung de Problem nach emol op de Leescht geholl. Et schéngt Léisungen ze ginn.

Reesen tëscht dem Vereenegte Kinnekräich a villen europäesche Länner soll a wäert ab dem 6. Juli nees däitlech méi liicht ginn. Déi ominéis Reegel vu 14 Deeg Quarantaine soll fir eng Rei Länner ausgesat ginn. Ee Luuchtesystem soll déi bis dohinner allgemeng gülteg Reegel ersetzen. Länner sollen da wéi eng Verkéiersluucht an d‘Kategorien: Rout, Orange a Gréng agedeelt ginn.

Wien aus engem Land mat enger „onbedenklecher Lag“ (Gréng Luucht) kënnt, dierft da ganz wéi gewinnt ouni Aschränkung d‘Insel bereesen. Wien aus engem Land mat héijen Infektiounszuele kënnt (Rout Luucht) muss a Quarantaine. Onverännert bleift: wien a Groussbritannien areest muss ugi wou hien sech déi éischt 14 Deeg ophält. Dat gëllt selbstverständlech och fir d‘Britte selwer.

Begrënnt gëtt dëse Schratt vun der Regierung domadder, datt een de Bierger eng Summervakanz am Ausland erméigleche wëll. D‘Mesure wier zudeem och am Sënn vun der Wirtschaft. Hei dréit also d‘Regierung elo de Fuerderunge vun der Tourismusbranche, de Fluchgesellschaften an dem Handel endlech Rechnung. Sënn an Zweck vun der Quarantaine war et eng zweet Well ze verhënneren.

Elo huet awer grad Groussbritannien nach ëmmer héich Infektiounszuelen, firwat de Sënn vun der Mesure ëmmer nees a Fro gestallt ginn ass. Hei stellt sech dann och déi berechtegt Fro, ob et net eventuell sënnvoll ass guer net eréischt – et sief et hätt een eppes ganz Wichteges ze erleedegen – d‘Insel unzesteieren? Et besteet jo och de Risk, sech beim Retour mussen a Quarantaine ze setzen.

Wéi och ëmmer, laut der virleefeger Lëscht déi eisem Mediepartner virläit, gehéiert Lëtzebuerg zu Länner déi „gréng Luucht“ hunn. Wiem et also duerno ass, nom 6. Juli a Groussbritannien seng Vakanz ze verbréngen, sollt dat mat minimalen Oplagen och maache kënnen. Well elo d‘Zuelen a Groussbritannien net wierklech zefriddestellend sinn, sollt ee seng Rees awer gutt virbereet hunn.

mat indymedia/lon

Illustratioun: © Annie Spratt / unsplash

Related topics Covid19, Groussbritannien, Quarantaine, Summervakanz, Tourismus
Next post Previous post